
E Méindeg gouf am Nomëtteg op engem Tramsarrêt am Stater Quartier Gare eng Persoun vun dräi Frae géint d’Diere vum Tram gestouss, fir duerno hire Rucksak opzemaachen an hire Portmonni ze klauen. No der Dot konnten d’Täterinne fortlafen. D’Ermëttlunge sinn opgeholl ginn.
Och e Méindeg, kuerz viru Mëtteg, war an der Rue de Grevenmacher zu Beidler en Abroch gemellt ginn. Zwee Täter haten en Eefamilljenhaus duerchwullt a waren duerno geflücht. Am Kader vun enger Sichaktioun, un där méi Patrulle bedeelegt waren, konnt ee vun de Verdächtege festgeholl ginn. Dëse gouf op Uerder vum Parquet dem Untersuchungsriichter virgefouert.
E Méindeg den Owend gouf zu Bouneweg um Boulevard Baden-Powell dann nach an en Auto agebrach an doraus e Portmonni geklaut. An der Nuecht op en Dënschdeg goufen an der Rue de la Déportation zu Gaasperech zwee Männer gemellt, déi un Autosdiere geklenscht hunn. D’Police war séier op der Plaz, konnt d’Männer awer net méi untreffen.