Invité vun der Redaktioun (27. Januar)Jill Goeres, fréier Buergermeeschtesch vu Bech

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien ass Gemengepolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Si war an ass nach ëmmer déi jéngst Buergermeeschtesch am Land, mä muss elo de Buergermeeschter-Stull raumen. An der klenger Gemeng Bech krut d’Jill Goeres d’Vertraue vum Gemengerot entzunn.

De Moie schwätze mer doriwwer.

Wéi huet si déi lescht zwee an en halleft Joer erlieft? Wat huet se geléiert? Wéi schwéier ass Gemengepolitik? Och als jonk Fra. A Mamm.

D’Jill Goeres ass um 8 live eis Invitée vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO