Aus dem PolicebulletinJonken Automobilist hat Permis a Carnet de stage net bei sech

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt gréisser Kontrollen, déi vum Parquet ordonéiert waren, awer och nach verschidden aner Tëschefäll op eise Stroossen.
© Laurent Weber

D’Police huet e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg Alkoholkontrolle gemaach, déi vum Parquet ordonéiert waren. Dat war ënner anerem de Fall zu Dippech, an der Stad, zu Leideleng an zu Hesper. 414 Chaufferen hu misste blosen. 18 mol war den Test positiv. 5 Permis goufen agezunn.

145 Euro huet dann ee Chauffer misste bezuelen, well säi Contrôle Technique net méi an der Rei war. Och zwee Punkte waren dowéinst fort. 74 Euro huet et kascht, well d’Steiervignette ofgelaf war, dat awer manner wéi 60 Deeg. Dann hat nach e jonken Automobilist weder säi Permis nach säi Carnet de Stage bei sech. Dat huet deen zwee Mol 24 Euro kascht.

Zu Klengbetten war schonn en Donneschdeg am Nomëtteg d’Police geruff ginn, well en Auto matten op der Fuerbunn an der Rue de la Gare stoe bliwwe war. Wéi d’Patrull op d’Plaz koum, hat sech séier erausgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. De Permis gouf dowéinst provisoresch agezunn.

Selwechten Ausgang dann e Samschdeg de Moie géint 2.30 Auer zu Bruch. E Chauffer, dee säi Won net méi wierklech ënner Kontroll hat, war hei ënnerwee. D’Beamte goufen alarméiert a konnten d’Gefier stoppen. Och hei war Alkohol mat am Spill.

Back to Top
CIM LOGO