RéckruffKakuetten am "Fromage & Pesto"-Dip vun der Mark Delhaize

RTL Lëtzebuerg
D'90-Gramm-Dëppche mam Delhaize-Dip gouf falsch etikettéiert. Deemno steet net drop, dass Kakuetten dran enthale sinn.

Delhaize huet decidéiert, de Produit “Fromage & Pesto” aus der Vente ze huelen, well en net dierf vu Leit mat enger Allergie op Kakuette giess ginn. Jiddereen ouni Allergie op dës Nëss kënnen den Dip ouni Bedenken consomméieren.

PDF: Schreiwes mat den Detailer vun Delhaize.

Back to Top
CIM LOGO