Agence Engel & VölkersKeng Baisse vun den Immobiliëpräisser z'erwaarden

Pierre Jans
Leit, déi hoffen, dass d‘Immobiliëpräisser geschwënn erofginn, dierft dat hei net freeën.
Agence Engel & Völkers
Keng Baisse vun den Immobiliëpräisser z’erwaarden.

Der Agence Engel & Völkers no bleiwen d‘Präisser op engem héijen Niveau ganz einfach, well d‘Nofro nach ëmmer grouss ass a wéineg Offer do ass. D‘Immobilière hat d‘Press invitéiert, fir iwwer de Lëtzebuerger Wunnengsmaart ze schwätzen. D‘Geschäftsleit di sech awer schwéier, iwwer politesch Mesuren géint de Logementsproblem ze schwätzen.

Fir d‘éischt emol wëll de Direkter vun Engel & Völkers Lëtzebuerg Philipp Niemann eng Rumeur aus der Welt schafen.Vun enger Immobiliëblos, déi iergendwann platze kéint, wëll hien näischt wëssen.

„Mir hunn an de lescht Jore keng Blos gesinn a mir gesinn och an Zukunft keng. Lëtzebuerg ass nämlech ekonomesch gesinn e ganz gesond Land. Et gëtt weider eng staark Immigratioun. Déi Leit brauche Wunnraum. An dee kann an deem Moos net geschaaft ginn. Dofir gi mir dovun aus, dass mir weider eng gesond Nofro wäerten hunn. D‘Präisser wäerte stabil bleiwen an eng Blos ass net a Siicht.“

De Philipp Niemann geet awer net dovun aus, dass d‘Präisser weider explodéieren.

Ma Leit, déi op der Sich no enger Wunneng sinn, kréien duerch d‘Inflatioun elo Konkurrenz vun Investisseuren, déi am Prinzip net primär un Immobilien interesséiert sinn, erkläert den Team Leader vun der Agence Raymond Klein.

„Mir gesinn, dass Leit, déi hir Sue virdrun anescht investéiert haten, elo duerch déi héich Inflatioun quasi an de Steen gedriwwen. Déi gesi mir elo ganz kloer hei an eiser Agence.“

Gläichzäiteg gëtt d‘Kafen u sech och nach méi deier, ewéi de Philipp Niemann nuancéiert erkläert.

„Et ass d‘Mëschung tëscht all de Variabelen. D‘Inflatioun dreift d‘Leit an d‘Immobilien. D‘Zënse klammen da weider. Den aktuellen Niveau vun den Zënsen mécht d‘Kafen méi deier. Dat gëtt an den nächste Méint net besser.“

D‘Zënse si den Ament net grad duebel esou héich wei zejoert am Dezember. An d‘Banke géifen elo schonn eng Hausse vum Leetzëns vun der Europäescher Zentralbank antizipéieren, esou den Direkter vun der Agence.

Bei Engel & Völkers kann ee sech iwwregens net virstellen, dass méi héich Zënsen dofir suergen, dass verschidde Keefer hire Prêt net méi kéinten decken.

„Et ass awer sou, dass déi allermeeschte Leit e fixen Taux op hirem Kredit hunn. Do wäert sech net vill änneren.“

Zu Lëtzebuerg hu vill Leit grouss Schwieregkeeten eng Wunneng ze fannen.

„Ech denken, et wär gutt, wann d‘Politik géif mat eis schwätzen.“

Géifen déi Responsabel vun der Immobilière och steierlech Mesurë géint Spekulanten ënnerstëtzen? Wéi eng Iddie wëll een proposéieren?

„Loosst eis déi mat der Politik beschwätzen.“

Seet de Raymond Klein. De Philipp Niemann mengt, et wär net néideg méi an d‘Luucht ze bauen. Vill méi wär et sënnvoll, wann d‘Entrepreneuren mat manner laange Prozeduren ze dinn hätten.

Back to Top
CIM LOGO