Dee méi groussen Impakt op d’Aarbechtswelt hat d’lescht Woch wuel déi héich Zuel vu Corona-Neiinfektiounen. Ma den 3G op der Aarbecht wier och am Virfeld gutt preparéiert ginn. Deemno waren d’Problemer och éischter punktuell, esou den LCGB-Generalsekretär Christophe Knebeler.
“Zum Beispill déi Leit, déi elo déi Tester maachen an den Zelter mat der Arméi. Well do kee QR-Code drop ass. Do war op eemol eng Diskussioun opkomm, mä sinn déi da valabel oder net? Ass et sou virgesinn am Gesetz? Bon, dat huet ee schnell gekläert.”
Och Zertifikater ouni QR-Code mussen acceptéiert ginn. Da wieren och mol Leit am Laf vum Dag heemgeschéckt ginn, wann hire CovidCheck moies gréng war, mëttes awer net méi. Dat wier awer och am Gesetz gekläert, datt et duergeet, wann e moies gülteg ass.
Der OGBL-Presidentin Nora Back no wier d’Gratis-Test-Offer fir Leit déi ewell 1 mol geimpft goufe mat 5 Testzenter vun der Arméi awer net grouss genuch.
“Dat geet net duer fir d’ganz Land. A grad am Norden ass et schwiereg, do mussen d’Leit wäit fueren. An op ville Plaze mussen d’Leit iwwerhaapt emol wäit fuere moies, fir kënnen do an den Testzentrum ze goen an da laang Schlaange maachen, fir den Zertifikat ze kréien.”
Fir den OGBL soll et nom 28. Februar dann och eriwwer si mam 3G op der Aarbecht. D’selwecht gesäit dat d’Handwierkerfederatioun. Et wier un der Regierung, Verantwortung ze huelen, sou den FDA-President Ernest Pirsch.
“Deen 2 Schrëtt no vir, een no hannen. Sprangprëssessioun. Et soll eng richteg Linn dra kommen, et ass net un eis, hir Aarbecht ze maachen. Well mir sinn ëmmer an der Verantwortung, mir hunn dat och alles iwwerholl, awer mir hoffen elo, datt den 28. Februar, datt elo eng Kéier Schluss ass, an datt mir eis Aarbecht erëm kënnen normal maachen an d’Regierung hir Verantwortung hëlt an eng Richtung definéiert, ob Impfflicht ob net, an datt mer normal kënne schaffen.”
Weder bei de Gewerkschaften, nach bei de Patronatsvertrieder si grouss Zuele vu Leit opgefall, déi wéinst dem Covid-Check net méi wéilte schaffe kommen. Verschidde Betriber géingen hire Mataarbechter och bei den Tester entgéint kommen, sou den UEL-Chef Jean-Paul Olinger.
“Et gesäit ee vu bis - et gëtt grouss Betriber, déi eegen Infirmerien hunn oder eegen Infirmieren hu sur place, da ginn et aner Betriber, wou d’Leit sech zesummen doen, zesummen an de Laboratoire fueren, entweder owes no der Aarbecht, fir den Test ze kréien, fir den Dag drop, oder awer moies.”
D’Stad Lëtzebuerg huet fir hir Mataarbechter iwwerdeems en eegenen Testzenter opgemaach, wou ee fir 5 Euro quasi ronderëm d’Auer kann en Test maachen. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:
“Mir hu vill Opruff gemaach, datt d’Leit sech sollen impfe loossen, dat ass déi bescht Garantie, déi jiddweree fir sech selwer kann hunn, fir wann en et da kréich, an et sinn der jo ëmmer méi, déi et kréien, fir net wierklech krank ze ginn. Mä firwat hu mer dat do gemaach? Ma ganz einfach, well mir net op déi Leit kënne verzichten. Mir brauchen déi Leit, fir datt eis Servicer och kënne weiderhi reiwungslos fonctionéieren. Eben de Sercvice d’hygiène, den Autobus, an dofir hu mer dat gemaach.”
Eng 4.350 Persoune schaffen am Ganze fir d’Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg.