
E Mëttwoch war der Police e Virfall op engem Parking an der Rue Val Fleuri an der Stad gemellt ginn. Deemno souz d'Affer an engem Auto, wéi e puer Männer op hien duerkoumen. D'Männer hätten Interessi u senge Goldréng gewisen, wéi op eemol ee vun hinne probéiert huet, dem Mann ee Rank vum Fanger ze rappen.
Doropshin ass d'Affer aus dem Auto geklommen, wouropshin et zu enger Kläpperei koum. Déi presuméiert Täter hunn de Mann dobäi zréck an den Auto gedréckt an hu sech duerch d'Bascht gemaach. Méi spéit huet de Mann festgestallt, datt säin Handy net méi do war.
D'Police huet Ermëttlunge lancéiert.
Nieft dem Déifstall um Parking mellt d'Police nach e puer Leit, déi e Mëttwoch beim Klauen a Butteker erwëscht goufen.
Deemno gouf eng Fra am fréien Nomëtteg an engem Buttek an der Groussgaass an der Stad vum Sécherheetspersonal ugehalen, nodeems si e puer Schminksaache geklaut hat.
Ëm déi selwecht Zäit war an engem Buttek an der Rue Guillaume J. Kroll zu Raemerich e Mann gesi ginn, wéi hien eng Fläsch Alkohol agepak huet, awer just en anere Produit bezuelt huet. Och an dësem Fall gouf de Mann vum Sécherheetspersonal gestoppt.
Géint 16 Auer war der Police dann nach en drëtte Fall gemellt ginn. E Mann hat an zwee verschiddene Kleederbutteker um Boulevard FW Raiffeisen zu Gaasperech Kleeder geklaut. Deemno war de Mann an d'Butteker gaangen an huet do déi geklaut Kleeder ugedoen, éier en domat erausgaangen ass.