
Wéi d’Police mellt war een Auto vun der Route de Beaufort um Grondhaff op der Héicht vun engem Bauerenhaff vun der Bunn ofkomm an op d’Géigespuer geroden. Do ass d’Automobilistin frontal mat enge Mini-Bus kollidéiert. Si gouf an hirem Auto ageklemmt an ass an d’Spidol bruecht ginn, nodeems d’Secouristen si aus dem Won befreit haten.