INRA Konventioun fir eng laangfristeg Kooperatioun mat der Uni.lu

Chris Meisch
Dës Woch huet den INRA, den Institut national de recherches archéologiques, eng Konventioun, fir eng laangfristeg Kooperatioun mat der Uni.lu ënnerschriwwen

D’Zil ass et, wëssenschaftlech an technesch Kompetenze méi enk mateneen ze verbannen, gemeinsam Projeten z’entwéckelen, an de Studenten d’Archeologie méi no ze bréngen. An dësem Kader huet d’INRA gläichzäiteg och festgehalen a wéi eng Richtung an Zukunft soll gefuerscht ginn.

Pro Joer betreit den INRA 40 Gruewungen uechtert Land, wou si iwwer 100.000 Objeten ausgruewen. De Lëtzebuerger Territoire ass esou räich u kulturhistoresche Spueren an Artefakten, wéi Griicheland, Italien a Spuenien, esou den David Weis, Direkter vum INRA. Op all Kilometer wier iergendwou eng réimesch Villa. Mat der neier Konventioun kéint een elo méi strukturéiert mat der Uni Lëtzebuerg zesummeschaffen.

“Wat flott ass, ass, dass mir hei dann och kënnen zum Beispill Studente betreien, de Studenten och soen: Hei ass een Theema dat intressant kéint sinn, wéilts du eng Theese, eng Doktortheese, eng Mastertheese hei zu dësem Theema schreiwen. Vill Studente si jo dacks verluer, wa si no engem Theema sichen an hei kënne mir dann och soen: Hei mir bezuelen d‘Analysen, villäicht kënne mir deng Doktorthese souguer deelweis betreie mat dem Material, wat mir hunn. Wierklech, fir dass mir dat strukturéiert uginn.”

Fir d‘Geschichtsstudenten op der Uni.lu ginn et optional Coursen, fir Archeologie ze studéieren. Mat der neier Konventioun huet een elo nieft den theoretesche Coursen och d‘Méiglechkeet, méi um Terrain matzeschaffen. Fir déi nächst 5 Joer huet den INRA sech 5 nei Fuerschungsprioritéite gesat.

“Fir och do kënnen zesumme mat aneren europäesche Länner, aneren Instituter, déi Projeten, déi Iddie weider ze entwéckelen. Zum Beispill: Wéi kënnt de Mënsch hei un? Wat mécht en, wann en hei ukënnt? Wat fir eng Weeër hëlt hien? Wat fir eng Iddien, Ritualer, Geschichte komme mat? Wat ass säin Impakt op d‘Ökologie hei am Land? Wéi beaflosst och de Klima de Mënsch. Kucken, wat déi digital Methoden eis erlabe rauszefannen. Och do gewëss Saachen einfach nei ze erfuerschen oder besser ze verstoen.”

D‘Uni.lu wäert domat och an Zukunft eng Formation continue fir ewell ausgebilt Archeologen ubidden, déi sech gäre weider op Lëtzebuerg spezialiséiere wëllen.

Back to Top
CIM LOGO