
Géint 17 Auer ass zu Féiz an der Rue du Brill en Automobilst mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Den Escher Samu huet mussen an den Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.
Géint 17.40 Auer koum et zu Nidderfeelen zu engem méi ongewéinlechen Asaz. Hei hat eng Kopiesmaschinn an der Rue de la Montagne Feier gefaangen, wouduerch eng Persoun verwonnt gouf.
Kuerz virun 18 Auer sinn op der A6, Zéissenger Kräiz Richtung Helfent zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Zu Rammerech an der Rue Principale ass da géint 18.30 Auer nach Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. D’Rettungsservicer vu Rammerech hu sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.