EU-Gesetzprojet fir méi NaturschutzLëtzebuerg wier gutt preparéiert

Monica Camposeo
Fir Lëtzebuerg géing mam EU-Gesetz näischt änneren, et wier ee souwisou scho gutt preparéiert.
© Jan Herr/ANF Archvbild

Dat sot déi gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring am RTL-Interview. D’EU-Ëmweltminister hate jo um Dënschdeg e Gesetzprojet guttgeheescht, fir méi streng Naturschutz-Mesuren. Konkret sollen Terrainen a Mieresgebidder, déi a schlechtem Zoustand sinn, renaturéiert ginn, fir d’Biodiversitéit nees hierzestellen. Fënnef Länner hunn dogéint gestëmmt, zwee hu sech enthalen. Zu Lëtzebuerg géing dat zum Beispill heeschen, dass ënnert anerem Baache renaturéiert ginn. Ma dat wier awer souwisou scho geplangt, betount d’Ëmweltministesch.

Méi Naturschutz géing och net bedeiten, dass Biedem fir d’Landwirtschaft géingen ewechgeholl ginn. Flächen, déi landwirtschaftlech genotzt ginn, sollen zousätzlech méi Biodiversitéit erméiglechen. Duerch d’Biodiversitéitsreglement, dat et zu Lëtzebuerg scho gëtt, géing och mam Landwirtschaftsminister gekuckt ginn, fir de Bauere mat Subsiden ze hëllefe fir dat ëmzesetzen.

Dass d’Liewensmëttelsécherheet a Gefor wier, eng Kritik déi Bauereverbänn EU-wäit um Dënschdeg manifestéiert haten, gesäit d’Joëlle Welfring dann och net. Au contraire wier éischter e Manktem u Liewensmëttel ze fäerten, wann d’Natur weider futti gemaach gëtt an net aktiv geschützt gëtt. “Iwwert déi lescht Joerzéngten hu mer festgestallt, dass iwwer 75 Prozent vun de Bestëbser verschwonne sinn”, esou d’Ëmweltministesch. “Wa mir déi net hunn, hu mir och definitiv en Erklärungsproblem, well dräi Véierel vun de Kulturplanzen hei am Land hänke vun de Bestëbser of.”

De Gesetzprojet vum EU-Conseil muss nach duerch d’Parlament, en zäitleche Kader wier elo nach net genee ofzegesinn. Ma d’EU-Gesetz géing, wann den Text da gestëmmt gëtt, europawäit e gesetzleche Kader setzen, e Kader deen et u sech hei am Land op nationalem Niveau souwisou scho gëtt.

Back to Top
CIM LOGO