Exercice iwwer d'Grenzen erausLëtzebuerger a belsch Police hunn Zenario vun Iwwerfall op Geldtransporter simuléiert

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duché ass kleng an Täter séier emol iwwer d'Grenz geflücht. Esou en Zenario huet d'Police zesumme mat hire belsche Kolleege geüübt.
© Police Lëtzebuerg

Täter och iwwer d’Grenzen eraus pëtzen - dofir brauch et eng gutt Kooperatioun tëscht de Policë vun de verschiddene Länner. Fir op esou Fäll preparéiert ze sinn, ass zanter dem 1. Juli 2024 de “Plan alerte frontière belgo-luxembourgeois” a Kraaft, an deem Lëtzebuerg an d’Belsch festgehalen hunn, reegelméisseg esou Zenarien ze simuléieren.

An deem Kontext hunn déi Lëtzebuerger an déi belsch Police dës Lescht en Iwwerfall op e Geldtransporter simuléiert, bei deem d’Täter probéiere mam Fluchtauto op verschidde Plazen iwwer d’Grenz ze flüchten. Dat wéi d’Lëtzebuerger Police schreift “op verschiddenen Niveauen an ënner reelle Konditiounen”.

Virun allem d’Reaktioun vun de Service vu béide Länner, d’Opriichte vu Kontrollposten op de Grenzen an d’Kooperatioun tëscht den Unitéite wiere getest ginn.

Et war deen éischten Exercice am Kader vum “Plan alerte frontière belgo-luxembourgeois”.

Back to Top
CIM LOGO