Copas fuerdertLëtzebuerger Gesondheetssystem soll nei orientéiert gi mat engem staarke Fokus op de Patient
Den Daachverband vun den nationale Fleege-Strukturen ënnersträicht an engem Schreiwes d‘Schlësselroll vun den Acteuren am Secteur extra-hospitalier.
Dës géifen dofir suergen, datt d‘Leit méi laang autonom wieren, kéinten doheem versuergt ginn a manner missten am Spidol behandelt ginn. Ëmmerhi géif d‘Populatioun allgemeng méi al ginn. Et gi méi chronesch Krankheeten an et feelt weider u Fachleit am Gesondheetssecteur.
Weider Informatiounen am Schreiwes vun der Copas.