Bei Editioun 2024*Lëtzebuerger Staat huet ronn 269.000 Euro fir d'Organisatioun fir d'Foire agricole bäigeluecht
De Montant, deen de Stat fir déi grouss landwirtschaftlech Foire investéiert, huet sech an de leschte fënnef Joer méi wéi verduebelt.
Preparatioune fir d'Foire Agricole zu Ettelbréck (1.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Ronn 269.000 Euro huet de Lëtzebuerger Staat zejoert fir d’Organisatioun vun der Foire agricole bäigeluecht. Elleng Subventioune vun 160.000 Euro ginn un d’Ettelbrécker Gemeng fir d’Organisatioun. Da goufe gutt 60.000€ u professionell oder privat Organisatiounen, déi eemol un d’Gemeng an eemol un d’Landwirtschaftskammer ginn. Weider finanziell Ënnerstëtzung gouf et fir d’landwirtschaftlech Associatioun “Convis”, Lëtzebuerger Mëllechbaueren” a “Bio Lëtzebuerg”. An de leschte fënnef Joer hunn déi staatlech Subventioune fir dat risegt Evenement sech méi ewéi verduebelt.
Dës Chifferen nennt d’CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen dem DP-Deputéierte André Bauler, dee via parlamentaresch Fro Detailer wollt wëssen. Wéinst der Attraktivitéit vun der landwirtschaftlecher Foire gëtt zwee Mol d’Joer mat allen Acteuren de Point gemaach, fir d’Situatioun ze reevaluéieren an iwwer Ajustementer ze schwätzen. 2024* goufen an den Däichwise ronn 50.000 Visiteure gezielt.
Weider Impressioune vun der Foire Agricole 2025
Foire Agricole zu Ettelbréck
D’Landwirtschaft aus dem ganze Land trëfft sech, fir Promotioun ze maachen an nei Kontakter ze knäppen, erkläert de Gilles Schmit.
Ouverture vun der Foire Agricole mat Presenz vun der groussherzoglecher Famill (4.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Foire Agricole 2025 - Fotoe vum 2. Dag (5.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Foire Agricole 2025 - Fotoe vum 3. Dag (6.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
*D’Zuele beruffe sech op d’Editioun 2024, an enger éischter Versioun hat RTL.lu 2025 geschriwwen.