Noble Jump 23Lëtzebuerger Truppen huelen un NATO-Exercice op Sardinien Deel

Pierre Jans
Et ass en Training dee weise soll, dass d'NATO bereet ass, all Metercarré vum Territoire vun der militärescher Allianz ze verdeedegen.
© Tim Morizet / RTL (Archiv)

Deeler vun der Very High Readiness Joint Task Force, also Militärtruppen, déi ganz séier op Noutfäll reagéieren kënnen, sinn op Sardinien an Italien zesummekomm, fir de sougenannten “Noble Jump 23".

Un deem opwännegen Exercice iwwer méi Deeg um Land an an der Loft sinn och Unitéite vun der Lëtzebuerger Arméi dobäi.

Eng RTL-Ekipp ass op Sardinien, fir déi grouss Finall vum Exercice mat Live-Demonstratioune e Freideg ze couvréieren. Am Virfeld erkläert de Pierre Jans, wéi eng Länner deelhuelen a mat wat do trainéiert gëtt.

Avant-Papier vun NATO-Exercie / Reportage Pierre Jans

Déi lescht zwou Woche ware gutt gefëllt fir déi ronn 2.200 Zaldoten aus de siwen NATO-Staaten Däitschland, Holland, Norwegen, Tschechien, Lettland, Belsch a Lëtzebuerg. Si hu gemeinsam a groussen an a méi klengen taktesche Gruppe fir divers Situatioune geprouft. Den Organisateure vun der atlantescher Militärallianz ass et wichteg ze betounen, dass et sech ëm defensiv Zenarien handelt.

Ënnert anerem si 500 militäresch Gefierer op Sardinien transportéiert ginn. Trainéiert gëtt zum Beispill mat de bekannte Leopard-2 Panzeren aus Däitschland an Norwegen, déi riseg 67-Tonner, vun deenen der jo och an d’Ukrain geschéckt goufen. D’Gefierer um Buedem kréien Ënnerstëtzung aus der Loft vun däitschen “Tiger"-Helikopteren an Dronen aus Däitschland an och Lëtzebuerg.

De Colonel Alain Schoeben huet de Kommando iwwer d’Unitéit vun der Lëtzebuerger Arméi. An deem Rettungsmanöver gëtt geüübt, fir blesséiert Zaldote mat Transport-Helikopter séier an effikass vum Schluechtfeld a Sécherheet ze bréngen. Et kommen och Fallschiermunitéiten an den Asaz.

De ganzen Exercice ass op der Militärbase um Capo Teulada eng 60 Kilometer vun der gréisster Stad op Sardinien Cagliari fort. Den Exercice gëtt ënnert der Leedung vun Italien duerchgefouert, méi genee vum operationellen Siège vun der NATO zu Neapel.

D‘NATO Response Force gouf 2002 gegrënnt, fir séier militäresch Äntwerten op Krisen ze ginn, déi wuessen. Et handelt et sech, wéi gesot, ëm en defensiven Exercice. Wéi konkret d‘Militärübungen awer och eng Demonstratioun a Richtung Kreml sinn, dat gëllt et op der Militärbase gewuer ze ginn. Mir si jo dobäi fir d’Finall vum Exercice an Echtzäit.

Back to Top
CIM LOGO