Banque de LuxembourgLivia Moretti iwwerhëlt Successioun vum Pierre Ahlborn als Generaldirektesch

RTL Lëtzebuerg
Wiessel un der Spëtzt vun der Banque de Luxembourg. D'Livia Moretti iwwerhëlt am Mäerz nächst Joer d'Successioun vum Generaldirekter Pierre Ahlborn.
© Banque de Luxembourg

Dëse geet dann no 26 Joer op deem Posten an d’Pensioun. D’Livia Moretti huet hir Karriär 2002 hei am Land ugefaangen, huet awer ënnert anerem och 10 Joer bei der Europäescher Zentralbank zu Frankfurt geschafft. Zanter 2022 war si Direktesch vun enger Schwäizer Bank zu Basel, déi zum selwechte Grupp gehéiert wéi d’Banque de Luxembourg.

Liest hei d’Schreiwes vun der Banque de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO