"Make it. Do it. Work it. Create it."Makerfest vum SNJ am Forum Geesseknäppchen

Lynn Cruchten
"Make it. Do it. Work it. Create it.” Ënnert deem Motto steet déi 10. Editioun vum Makerfest am Forum Geesseknäppchen. Dëst Evenement gëtt all Joers vun der sougenannter "Base 1" vum Service National de la Jeunesse organiséiert.
Makerfest vum SNJ am Forum Geesseknäppchen (15.12.25)
“Make it. Do it. Work it. Create it.” Ënnert deem Motto steet déi 10. Editioun vum Makerfest am Forum Geesseknäppchen

D’Makerfest riicht sech u Kanner vun 8 Joer un a bitt hinne verschidden Atelieren un, bei deenen een aktiv ka matmaachen. Ob Handwierk, Kreativ-Workshop, nei Technologien, Medien oder Coding. Jidderee soll hei kënnen eppes Neits entdecken, maache wat ëm Spaass mécht an dobäi och bäiléieren.

Méi wéi 35 Ateliere ginn et um Makerfest. Nieft dem SNJ sinn zum Beispill och d’Chambre des Métiers, Hariko, d’Videogames asbl, Bee Secure, grad ewéi Lycéeë vertrueden.

Dëst Joer zitt sech d’Makerfest iwwer dräi Deeg. Leschte Samschdeg war de Forum Geesseknäppchen fir de Grand Public op. Fir de Méindeg an Dënschdeg konnte sech iwwerdeems Schoulen, Maison Relaisen a Jugendhaiser aschreiwen. Insgesamt kënnt d’Makerfest 2025 esou op ronn 1.600 Visiteuren.

Back to Top
CIM LOGO