PoliceMann wéinst Déifstall festgeholl zu Gaasperech, presuméierten Drogendealer zu Kielen verhaft

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend gouf d'Police an e Buttek um Boulevard F.W. Raiffeisen zu Gaasperech geruff, nodeems e Mann do probéiert hat, verschidde Saachen ze klauen.
© Laurent Weber

Um Mëttwoch den Owend gouf d’Police an e Buttek um Boulevard F.W. Raiffeisen zu Gaasperech geruff, nodeems e Mann probéiert hat, verschidde Saachen ze klauen. Hie gouf direkt vum Sécherheetspersonal gestoppt.

D’Police ass op d’Plaz komm. Bei weideren Ermëttlunge koum eraus, datt de Mann och mat anere Fäll vun Déifstall a Verbindung steet. Hie gouf festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Festnam vun engem presuméierte Drogendealer zu Kielen

D’Police krut en Dënschdeg Droge gemellt, déi an enger Wunneng zu Kielen ze fanne wieren. Eng Patrull ass op d’Plaz gefuer an huet eng Perquisitioun gemaach, déi dunn erfollegräich war.

Eng verdächteg Persoun gouf doropshi festgeholl an engem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO