
Et ass, wéi et schéngt, keen Eenzelfall, dass sech Eltere bei engem Nowuess-Futtballsmatch an d’Hoer kréien. Elo huet sou e Fall awer zur Veruerteelung vun engem 44 Joer ale Mann gefouert. Dee gouf nämlech zu enger Geldstrof vun 250 Euro condamnéiert, well hien am Oktober 2016 bei engem Jugendmatch am Zentrum vum Land en haut 58 Joer ale Mann geschloen hat. Donieft muss hien dem Affer ronn 825 Euro Schuedenersatz bezuelen.
Fir deen Nowuess-Match hat d’Fussball-Federatioun keen Arbitter geschéckt, soudass den Trainer vun där enger Ekipp déi Roll iwwerholl hat. D’Eltere vun där anerer Ekipp waren net mat den Decisioune vum Arbitter d’Accord an hunn deen dat wësse gelooss. Doropshi goung dee bei d’Eltere schwätzen an huet si drop higewisen, dass hiert Behuelen net deem vu verantwortlechen Elteren entsprieche géif. No engem Gol fir d’Ekipp vum Arbitter hat eng Mamm de Beschëllegte vernannt. Deen hat doropshin engem Mann eng mat der Fauscht op d’Broscht ginn, soudass deen e klengen Hiwwel hannerzeg erofgefall war, op d’Genéck an op d’Schëller. Den Ugeklote krut dofir elo, wéi gesot, d’Rechnung presentéiert.