En Donneschdeg de Moie war de Weltkannerdag Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
En Donneschdeg ass de Weltkannerdag. Hei am Land ass all 4. Kand vun Aarmut betraff. Trotz ville Sozialleeschtungen huet sech d’Situatioun an de leschten 10 Joer verschlechtert, bedauert de Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg. Hie war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Liewenskäschten an de Logement am Verglach mat deem, wat vill Leit verdéngen, klappt net iwwerteneen. Dofir missten déi, déi méi Ënnerstëtzung brauchen, méi gehollef kréien an déi, déi manner brauchen, och manner kréien. D’UNICEF proposéiert, fir d’Kannergeld anescht ze verdeelen a méi der Familljesituatioun, dem Alter vun de Kanner an der Pai unzepassen. Hei am Land géif vill mat der Géisskan verdeelt ginn, mam Resultat, datt d’Suen net do ukommen, wou se gebraucht ginn. Aner Beispiller sinn och déi gratis Kannerbetreiung oder déi gratis Schoulbicher.
Elengerzéiend Elteren, Famillje mat ville Kanner a Migrantefamillje si besonnesch vun der Kanneraarmut betraff. Si misste méi geziilt gehollef kréien. Well d’Kanneraarmut geet iwwer d’Kand an d’Famill eraus. Dat huet Auswierkungen, wéi gutt d’Kand an der Schoul ass, op d’Ausbildung a wat et dono zur Ekonomie ka bäidroen. Manner aarm bedeit dacks och eng besser Gesondheet. Der UNICEF no géife méi geziilte Mesuren och manner kaschten: 1,7% vum PIB amplaz 3,4% aktuell. Mat den Ännerungen, déi d’UNICEF ausgeschafft huet, kéint een hirer Meenung no d’Aarmut vun all 4. Kand op all 10. Kand reduzéieren.
Am Dezember dierft jo den nationalen Aarmutsplang vun der Regierung virleien. Do hofft de Paul Heber, datt méi gekuckt gëtt, datt d’Sue bei de richtege Leit ukommen. Fir datt d’Aarmut net weider an d’Luucht, mä erofgeet. Vun anere Länner kéinte mer eis do och Saachen ofkucken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.