Neijoerschreceptioun vun Handwierkerfederatioun a Chambre der Métiers Manner Regulatioun a méi Pragmatismus, sou d'Fuerderung um "Pot des Présidents"

Pierre Jans
Diana Hoffmann
D'Fédération des Artisans an d'Chambre des Métiers hunn um "Pot des Présidents" hir Prioritéiten am Handwierk fir dëst Joer presentéiert.
Neijoerschreceptioun vun der Handwierkerfederatioun an der Chambre der Métiers
D’Fédération des Artisans an d’Chambre des Métiers hunn um “Pot des Présidents” hir Prioritéiten am Handwierk fir dëst Joer presentéiert.

Manner Regulatioun a méi Pragmatismus. Dat waren zwee vun den Haaptwënsch vun der Fédération des Artisans an der Chambre des Métiers um Dënschdeg.

Vill Luef hat een en Dënschdeg den Owend an der Chambre des Métiers virun allem fir déi nei Regierung iwwreg. D’Politik géing sech duerch eng Zort Paradigmewiessel auszeechnen, sot de Luc Meyer, President vun der Handwierkerfederatioun a sengem Discours. Et wier een nämlech der Meenung, dass nees méi pragmatesch Léisunge géinge fonnt ginn an dass ee géing méi zesummeschaffen, wéi dat virdrun de Fall gewiescht wier. E wichtegen Objektiv wier dass Europa an domat och Lëtzebuerg géing konkurrenzfäeg bleiwen.

Luef fir d’Gewerkschafte gouf et da manner. De Sozialdialog géing all Dag tëscht all Patron an de Salariéen am Betrib gefouert ginn, huet et geheescht. De Gewerkschaftsmodel vu “one size fits all” géing net funktionéieren. “D’Gewerkschafte sollen do Kollektivverträg verhandelen, wou si Vertrieder an den Delegatiounen hunn”, huet de Luc Meyer betount. An iwwer 70 Prozent vun de Betriber wiere keng Gewerkschaftsdelegéiert gewielt. Deemno misst et do dem Patron an de Salariéen erlaabt sinn, zesummen déi bescht Léisunge fir jiddereen ze fannen.

Och déi energeetesch Transitioun war ee vun de Sujete vum Owend. Dës wier néideg, mee et misst ee gutt oppassen, trotzdeem international konkurrenzfäeg ze bleiwen. “Mir mussen dat pragmatesch ugoen. Net virun den Zuch lafen, soss géife mer iwwerrannt ginn”, betount de President vun der Handwierkerfederatioun. D’Energietransitioun soll bewosst an iwwerluecht weidergedriwwe ginn. Als Beispill vun Inkoherenz nennt de Luc Meyer hei d’Elektroautoen, bei deenen d’Infrastruktur der Demande quasi net méi nokéim.

Fir de Rescht géing och nach d’Bürokratie de Patronen am Handwierk d’Liewe schwéier maachen. Aus dem Draghi-Rapport kéint een déi immens Regulatioun duerch Gesetzer erausliesen. Wärend an den USA 3.000 Gesetzer a Virschrëften erlooss goufen, wieren et der an Europa an hei am Land 13.000 gewiescht. Also 10.000 méi. Duerch déi administrativ Belaaschtung vun de Betriber géing kee méi eens ginn. D’Bürokratieentlaaschtung wier bis elo e bëssen d’Monster vu Loch Ness an der Politik.

PDF: D'Schreiwes vun der Handwierkerfederatioun.

Back to Top
CIM LOGO