Den Assurance-Secteur wier enorm wichteg fir d’Land, sou den Direkter vun der Associatioun vun den Assurance-Gesellschafte Marc Hengen e Méindeg de Moien am RTL-Interview.
Zejoert hätt de Secteur 47 Milliarden Euro generéiert. Dëst Joer gëtt mat 52 Milliarden gerechent. Vun de 15.000 Salariéen an den Assurancen wieren der och vill am Ausland aktiv. De Secteur wier nämlech ganz international opgestallt.
Fir do kompetitiv ze bleiwen, dierften et keng ze vill streng Regulatioune ginn. Also net méi, wéi an den EU-Direktiven virgesinn.
E weidere Probleem zu Lëtzebuerg: Den Index duerch deen d’Fraise fir Assurancen zu Lëtzebuerg méi séier klammen.
Och wichteg am Sënn vun der Kompetitivitéit, wier d’Kënschtlech Intelligenz. Hei dierft een den Zuch net verpassen, ënnersträicht de Marc Hengen.
E Méindeg de Moie war den Assurancësecteur Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.