Invité vun der Redaktioun (1. Dezember) - Marc HengenReglementatioun dierf de Business net erwiergen

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war den Assurancësecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Hengen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Reglementatioun ass wichteg, mee se dierft de Business net erwiergen. Dat e Méindeg sot de Moien de Marc Hengen, Direkter vun der Associatioun vun den Assurancëgesellschaften ACA. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Lëtzebuerg wier een internationalen Assurancëmarché, dofir misst ee kompetitiv bleiwen. D’Reglementatioun sollt dofir net méi streng sinn ewéi am Ausland, an och net iwwer déi europäesch Direktiven erausgoen.

Dass aktuell op all Niveau un enger Simplificatioun administrative geschafft gëtt, begréisst den Direkter vun der ACA, mee natierlech géing et ni séier genuch goen. Haut wier eng Liewensversécherung e Pabeier vun op d’mannst 100 Säiten an “et muss ee sech froen, ob dat néideg ass an ob een dat liest.” Kënschtlech Intelligenz misst een do sécherlech mat an d’Boot huelen, well duerno wieren déi, déi dat maachen, méi effikass sinn, wéi déi, déi KI vergiess hunn. Mee et wier och kloer, dass KI net alles soll ersetzen.

Nieft der Erausfuerderung kompetitiv ze bleiwen, wier d’Ekonomie eng Erausfuerderung fir de Secteur. D’Ekonomie misst dréinen, fir dass d’Leit och gewëllt wieren, fir Primmen ze bezuelen. Den Index wier do e sprangende Punkt fir steigend Käschten an dat wier bei ville Maison-mèren einfach net méi ze vertrieden.

Wéi sécher sinn Liewensversécherungen an Zousazpensiounen?

Grad am internationalen onséchere Kontext kéinten Assurancë Sécherheet ginn, erkläert de Marc Hengen. Dofir géingen och vill Leit op Lëtzebuerg kommen, well “mer eeben hei Confiance hunn. Mir hunn och hei Stabilitéit, mir hu politesch Stabilitéit a mir hu reglementaresch Stabilitéit” an dat géing appreciéiert ginn. Grad wat Spuer-Produiten ugeet, “do ass et natierlech wichteg, dass een dem Assureur kann trauen, an datt een och finanziell d’ Strooss hält”. D’Avoirë vum Client wieren hei ebe méi geschützt, wéi an anere Länner.
Allerdéngs misst ee wëssen, dass ee Sécherheet méi misst versécheren. An donieft géingen och nach nei Risiken derbäi kommen: Cyberkriminalitéit oder Cybersécherheet vun den Daten. Dofir géinge sech och ëmmer méi Assureure dofir interesséieren, fir dat kënnen ze versécheren. Do dierft een dann och net vergiessen, dass kriminell Aktivitéiten dohannert stinn. Dat wier een Challenge.

Naturkatastrophen: Lescht Joer war dat deierst Joer weltwäit

Et ass e Fakt, dass Naturkatastrophen, sief et Reen oder Stuerm, zouhuelen op der Welt.”Ee vun onse grousse Membere vun der Reassurance huet gesot, datt d’lescht Joer dat deierst Joer jee weltwäit war, wat d’Naturkatastrophen ugeet.” A weltwäit gekuckt, wier och et och esou, dass a ville Länner Naturkatastrophen net verséchert wieren. Et wier mol net een Drëttel vun de Schied verséchert. Mee hei zu Lëtzebuerg ginn et Versécherunge fir Privatleit fir Naturkatastrophen. Dat wier een Atout, fënnt de Marc Hengen.

Assurancë-Package mat Gewalt am Stot?

Zënter Kuerzem bitt eng Versécherung zu Lëtzebuerg d’Optioun un, fir am Package vun der Assurance fir d’Haus och e Recht op en Noutlogement bei Gewalt am Stot ze hunn. D’Directrice vu Femme en détresse fuerdert, dass all Assurance dat automatesch soll ubidden.
Fir déi Leit, déi betraff sinn, ass dat eng immens Hëllef. An dowéinst ass dat sécherlech ze begréissen,” seet de Marc Hengen. Dat géing weisen, dass Assureuren op Problemer vun de Leit aginn an och Solutioune wëlle bréngen.

Ganz internationale Secteur

Den europäeschen Assurance-Marché ass de Marché vun de Lëtzebuerger Assurancen. Iwwer 90 Prozent vum Chiffres d’affairs gëtt am Ausland gemaach. De Lëtzebuerger Assurancësecteur ass wichteg fir de PIB. Eleng d’lescht Joer goufen hei am Land 47 Milliarden Euro fir d’Assurance an d’Reassurance generéiert. Dëst Joer kéinten et souguer 52 Milliarde sinn. De Secteur ass ganz international opgestallt. Vun de 15.000 Leit, déi dora schaffen, sinn der 4.500 fest am Grand-Duché. Déi aner sinn deels an d’Ausland delegéiert oder schaffen do an Succursalle vu Lëtzebuerger Assurancen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Hengen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO