
Mat méi strenge Reegelen am Lycée, si Jonker manner um Handy. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi den nationalen Observatoire fir Kanner, Jugend a Schoulqualitéit ONE bei Lycéesschüler zu hirem Bildschirm-Konsum gemaach huet. D‘Resultater dovun ass en Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert ginn. Bei där Ëmfro ass erauskomm, datt ee vu véier Schüler méi wéi 5 Stonnen ausserhalb vun de Schoulstonnen um Ecran ass. De Gros vun hinnen consomméiert an där Zäit sozial Medien.
Den Educatiounsministère hat jo decidéiert, datt den Handykonsum an der Schoul muss ageschränkt ginn, och wann d‘Lycéeën dat konnten individuell ëmsetzen. D‘Auswäertung vum Questionnaire huet erginn, datt Jonker de Smartphone ausserhalb vun der Schoulzäit manner benotzen, wat si méi streng Reegelen hunn. Dat esouwuel an der Schoul, wéi och Doheem.
Grad bei Schüler op den héije Klassen, also tëscht 4e a Première, ass d‘Bildschirmzäit besonnesch héich. Déi meescht si sech awer bewosst, datt dee Konsum net gutt fir si ass. Een Drëttel vun de Jonken, déi gefrot goufen, hunn esouguer uginn, süchteg ze sinn. 1 vu 5 Schüler huet uginn, Schwieregkeeten ze hunn, vun de soziale Medien fortzekommen an opzehalen weider ze scrollen.