JustizMéi performant Instrumenter, fir méi geziilt an effizient géint schwéier Kriminalitéit virzegoen

Claudia Kollwelter
En entspriechende Gesetzesprojet gouf an der Chamber ugeholl. Verschidden Oppositiounsparteien waren awer extreem skeptesch an hunn ënnerstrach, wéi sensibel d’Thematik wier.
© RTL

En entspriechenden Gesetzesprojet gouf an der Chamber ugeholl. Verschidden Oppositiounsparteien waren awer extreem skeptesch an hunn ënnerstrach wéi sensibel d’Thematik wier.

De Projet gesäit ënnert anerem vir, datt spezifesch Kontrollen an Iwwerwaachungsmesuren un déi haiteg Zäit ugepasst ginn. Mesuren, déi bis ewell just fir Terrorismus oder d’national Sécherheet konnte genotzt ginn, ginn elo och erweidert op all Zort Crimmen an eng Partie Delikter. Dat sinn zum Beispill Tounopnamen, d’Opzeechnung vu Biller op spezifesche Plazen oder d’Erfaasse vun elektroneschen Daten. D’Justizministesch Elisabeth Margue:

Eis Justiz muss sech also upassen an déi Moossname bleiwen trotz allem awer d’Ausnam. Se si kontrolléiert, se ënnerleien der Zoustëmmung vum Untersuchungsriichter an et muss e konkrete Verdacht op eng Strofdot bestoen. Jo, se sinn invasiv. Mee och d’Victimme sinn invasive Methoden ausgesat. A mir mussen eis och d’Moyene ginn, fir si ze schützen.

Déi Gréng, d’LSAP, d’Piraten an déi Lénk gesinn de Projet ganz skeptesch an hu vun extrem intrusive Mesurë geschwat. Verdächteger an hiren Entourage mat elektronesche Mëttel ze iwwerwaachen, dat géif ganz wäit goen. Ze wäit, seet de Marc Baum vun déi Lénk:

Et geet an d’Richtung vun engem repressive Law -and -order-Staat. A mir fannen et och schued, datt et doriwwer net méi eng breet Gesellschaftsdebatt ginn ass. Wou si wichteg Avisen, déi dës Debatt hätte kënne fidderen, zum Beispill vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, déi feelen!

Well et Mesurë wieren, déi an dat Intiimst vun de Leit agräife géifen, huet d’Sam Tanson vun déi Gréng iwwerdeems eng Motioun deposéiert, déi gefuerdert huet, datt e Suivi gemaach gëtt a reegelméisseg gekuckt gëtt wéi, wéi dacks a wou déi decidéiert Mesuren agesat ginn. Déi Motioun gouf unanime an der Chamber ugeholl, sou datt all Joers e Rapport gemaach gëtt an an dräi Joer gekuckt gëtt, ob een op deem Wee weider fiert oder net.

Back to Top
CIM LOGO