
Am Mee 2022 waren de Prënz Guillaume an den Educatiounsminister Claude Meisch op Besuch an der Struktur zu Dräibuer. Ma dës Visitt wier zu Dräibuer gutt preparéiert ginn, wéi eis e fréiere Mataarbechter erzielt. “Dat alles war gestallt. D’Schoul vun Dräibuer gouf extra rëm opgemaach deen Dag, obwuel de Kuer schonn eriwwer war. Et goufen nëmmen déi léif an harmlos Pensionnairen op de Site bruecht. Si goufen an den Atelier gesat an et gouf gemaach, wéi wann dat Alldag wier. Et goufe souguer Jonker zeréck op de Site bruecht, déi eigentlech Doheem waren. Et war alles fake.”
Méi opfälleg Jugendlecher wiere vum Site wechgehale gi fir déi Zäit vun der offizieller Visitt.
Am CSEE ginn et vill Krankeschäiner awer och ëmmer rëm Kënnegungen. Uganks leschtem Joer huet eng privat Sécherheetsfirma missen agesat ginn, well d’Sécherheetsbeamten aus der Unisec hire Kontrakt net verlängere wollten. Engem Ex-Mataarbechter no hätte 27 Gardiene gekënnegt. “Si schaffe léiwer am richtege Prisong mat Mäerder, wéi sech all Dag vu Mannerjärege vernennen an aggresséieren ze loossen ënnert den Aen vun enger Direktioun, déi si net ze schätze weess a se net schützt.”
Virun enger Zäitchen huet eis Redaktioun den Direkter Ralph Schroeder och gefrot, wisou een ëmmer rëm Personalmangel am CSEE feststellt. D’Äntwert: Net jiddereen ass fir déi Aarbecht gemaach.
Doriwwer missen e puer fréier Mataarbechter schmunzelen: “Kloer ass net jidderee fir déi Aarbecht gemaach. Mee mir hunn der och vill, déi déi Aarbecht wierklech gäre gemaach hunn, sou wéi ech an déi gaange sinn, well et vun Uewen erof einfach net méi gaangen ass.”
“Ech weess net, wéi een dorop kënnt, mee d’Visitt war net gestallt”, seet de Ralph Schroeder, Direkter vum CSEE. D’Ufro fir d’Visitt wier vum Haff komm. Natierlech hätt een do net Nee gesot, well et eng Éier wier. “Natierlech hunn ech den Aarbechter gesot, si sollen den Haff eng Kéier kieren, mir hunn awer keng Jonker verschwanne gedoe fir d’Visitt”, sou den Direkter weider.
Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Minister Claude Meisch konnte sech an enger Diskussiounsronn mat e puer Pensionnairen um Site austauschen. Déi wiere vun der Direktioun an Zesummenaarbecht mam Personal ausgesicht ginn. “Et muss ee jo awer d’Sécherheet vun de Visiteure garantéieren”, erkläert och den éischte Beroder vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher Gilles Dhamen.
Ënnert de Mineuren, déi d’Visiteure kenneléieren duerften, wier ee Mineur gewiescht, deen eleng iwwert d’Mëttelmier geflücht ass an e Meedchen, wat an enger stroffälleger Famill opgewuess ass.
“Et ass richteg, dass Dräibuer deen Ament méi roueg war, mee dat läit drun, dass et de Freideg virun der Péngschtvakanz war. Vill Jonker sinn dann am sougenannte Congé bei hire Famillen”, erkläert de Ralph Schroeder.
Och de Gilles Dhamen vum Ministère mengt net, dass een no baussen iergendeppes verstoppen oder stelle géif. “Dat ganzt ass einfach ganz komplex an dacks och schwéier verständlech fir Leit, déi net mat esou enger Clientèle respektiv ënnert deene Konditioune schaffen.”
Wat d’Personal ugeet, sou hätt de Ministère déi lescht Jore staark opgestockt, sou dass de CSEE de recommandéierte Personalschlëssel elo erfëllt. Et wier zwar net all eenzel Ekipp komplett, et hätt een awer insgesamt genuch Mataarbechter, fir all Ekipp ze besetzen.
*No bausse gëtt een net vill gewuer, wéi et wierklech am CSEE ofleeft. Dat huet zum Deel mat der Schweigeflicht vum Personal ze dinn. Fënnef fréier Mataarbechter wollten de Mond awer net halen. Fir si ze schützen, bleiwe si onerkannt. Mir wäerten och net soen, op wéi engem Site déi ënnerschiddlech Leit geschafft hunn. Wat eis an dësen Interviewen awer besonnesch wichteg war, ass dass si alleguer just vu Saachen erzielen, déi si selwer gesinn hunn a matkruten.*
1. Deel Ex-Personal vum CSEE erzielt: Sex, Drugs and Rock’n’Roll - Un der Dagesuerdnung zu Dräibuer?
Déi lescht Etapp fir Mineuren: Alles roseg zu Dräibuer a Co?
2. Deel “Placement hënnert déi Jonk net drun gewalttäteg a stroffälleg ze ginn.”
3. Deel Konflikter evitéieren: Tëscht Trauma-Pedagogik an haart duerchgräifen
4. Deel Anere Bléckwénkel Wéi erliewe Mineure Strukture wéi Dräibuer?