
https://www.rtl.lu/news/national/a/2100628.htmlDoduerch, dass am CSEE all déi Mineuren opgeholl ginn, déi soss néierens ënnerkommen, entsteet e Becken fir Jugendlecher mat ënnerschiddlechste Problemer. . Haaptsächlech Strofdoten, Gewalt wéi och Drogekonsum si Grond fir e Placement an enger vun de Strukture vum CSEE.
Nodeems elo fréier Mataarbechter erzielt hunn, wéi si déi Jonk aus hirer Perspektiv erliewen, soll an dësem Artikel d’Siicht vum Jonke méi am Mëttelpunkt stoen. Psychotherapeutin Elisabeth Clees huet an hirer Dokteraarbecht mat 30 Jonke geschwat, déi an Heemer, an der Jugendpsychiatrie wéi och am CSEE placéiert waren. Et gouf iwwert d’Strukturen, d’Matbewunner a pedagogescht Personal geschwat a wéi dës sech op d’Wuelbefanne vun de Jonken an den Institutiounen ausgewierkt hunn. 24 vun den 30 befrote Jonke waren an hirem Parcours op d’mannst eemol am CSEE placéiert.
Virop ass wichteg ze ernimmen, dass ronn 80 Prozent vun de Jonken an esou Ariichtungen traumatiséiert sinn. Dat sinn dacks Traumaen aus der Kandheet oder eng Usammlung u Mikrotraumaen. Dat geet vu Suchtproblematike vun den Elteren, Gewalt, Vernoléissegung bis zu sexueller Gewalt. Psychesch a kierperlech Gewalt an Zesummenhang mat engem Suchtverhale bei den Elteren, ass vun de Jonken am heefegste genannt ginn, wéi d’Elisabeth Clees an hirer Aarbecht schreift.
Fir déi Mannerjäreg kann awer och den Openthalt an enger zouener Struktur traumatesch sinn. Dës weidere si 60 bis 70 Prozent psychesch krank oder opfälleg.
En Drëttel vun de Befroten hunn an de Gespréicher uginn, schonn am Alter vun 12 bis 13 Joer Drogen, haaptsächlech Cannabis, consomméiert ze hunn. Déi meescht hunn erkläert, dass dat mam falsche Frëndeskrees zesummegehaangen huet oder si esou hir Problemer kuerzfristeg vergiesse wollten. Ma net all Mannerjäregen hätt virum Placement an enger Struktur scho mat Drogen ze di gehat.
Am Gespréich mam Elisabeth Clees hunn e puer Jonker uginn, eréischt an de Strukture mat Drogen a Kontakt komm ze sinn. 26 vun den 30 Jonker aus der Etüd hunn och uginn, wärend hirer Zäit an den Institutiounen Droge konsuméiert ze hunn. Et wier eng Saach vu sech upassen an dozougehéieren, awer och Gefiller ze ënnerdrécken a Problemer, fir eng kuerz Zäit ze vergiessen oder souguer einfach aus Langweil.
An den Interviewe gouf och gesot, dass dëst Behuele vun den Educateuren zum Deel ignoréiert gëtt, wat op d’Aussoe vun den Ex-Mataarbechter vum CSEE zoutrëfft, déi Jonk einfach gewäerden ze loossen.
E puer Jonker hunn dem Elisabeth Clees och erzielt, dass se mat Droge gedealt hunn, fir bei de Matbewunner opgeholl ze ginn respektiv well de «Chef» vun engem jonke Grupp si dozou zwéngt. Och déi Aussoe passen zu den Erzielunge vum Ex-Personal vun Drogenhandel op de Sitte vum CSEE. Mee och am Punkt «Cheffe» ginn et Iwwerschneidungen. Fréier Mataarbechter hunn erzielt, dass eeler oder méi opfälleg Mannerjäreger aner Jonker am CSEE souzesoe rekrutéieren a se ustëften, kriminell Aktiounen ze maachen. Déi aner géifen de «Leadere» follegen, well se Angscht hunn, duerno selwer Affer vun dësem ze ginn. Gewalt gëtt et nämlech net nëmmen tëscht de Jonken an dem Personal, mee och tëscht de Mannerjärege selwer.
Souwuel d’Elisabeth Clees wéi och déi däitsch Sozialwëssenschaftlerin Marei Lunz hunn an hirer Fuerschung festgestallt, dass et a Strukture wéi dem CSEE, awer och a Foyere vill zu Gewalt tëscht de Jonke kënnt. Dat geet vu verbaler Gewalt bis hin zu kierperlechen Ausernanersetzungen. Tatsächlech soll dat awer bei Jonge méi dacks de Fall si wéi bei de Meedercher.
A béiden Aarbechten erziele Jonker, déi selwer schonn an esou Strukture placéiert waren, vun Opnameritualer. Wann een nei an enger Struktur kënnt, géif ee vun de Matbewunner an en Eck bruecht ginn, wou keng Videoiwwerwaachung ass an zerschloe ginn. Dëst géif ënnert de Jonken och als Daf bezeechent ginn. Dës weideren erzielen déi Jonk vu komplizéierte Gruppendynamiken, sou hätt een de Choix tëscht matmaachen an draschloen oder selwer d’Affer sinn.
D’Personal géif vun dësen Aktioune wéineg matkréien oder se ignoréieren, erzielen déi Jonk an den Interviewen.
Ginn et dann awer mol Konsequenzen, sou gëtt et bei de Befroten eng kloer Meenung.
Sozial Isolatioun ass fir de Mënsch bekannterweis eng vun de schlëmmste Strofen. Souguer global diskutéiere Wëssenschaftler iwwer d’Auswierkunge vun Isolatiounshaft fir volljäreg Prisonéier. Ma och déi Jonk, déi am CSEE, a Foyeren oder an der Jugendpsychiatrie placéiert waren, hu Strofen, déi mat Isolatioun ze dinn haten als am schlëmmsten empfonnt. Wa Jonker aus dem CSEE reegelméisseg fortlafen oder anescht schwéier géint d’Reegele verstoussen, ass d’Zell eng Bestrofung. Hei kënnt de Jonken da fir eng gewëssen Zäit an eng Kummer, wou näischt ass ausser e Bett an eng Toilette. De Jonken dierf just e Buch mat an d’Zell huelen. Kontakt no bausse gëtt et keen ausser eng Sprechanlag, fir am Noutfall mam Personal ze kommunizéieren.
An der Etüd vum Elisabeth Clees erzielen déi Befroten iwwert hir Erfarunge mat der Zell. Et wier immens schlëmm, et géif een no enger Zäit verréckt ginn an dës Strof ass absolutt sënnlos, sinn e puer Reaktioune vun de Jonken. Si hätten aus hirer Zäit an der Zell näischt geléiert. Éischter am Géigendeel: Si wieren nach méi rose ginn, hätten iwwert Revanche nogeduecht an et hätt si immens belaascht.
Wärend sozial Isolatioun vun de Jonke weder ugeholl gëtt, nach e positiven Afloss op hiert Verhale soll hunn, géife besonnesch kuerz a passend Bestrofunge vun hinnen akzeptéiert ginn. Et wier fir si wichteg novollzéien ze kënnen, firwat si bestrooft ginn.
Dës weidere géife vill Jonker sech a méi klenge Wunngruppe méi wuelfillen an dëst hätt och e positiven Afloss op hiert Verhalen. A méi klenge Gruppe géif et manner zu Gewalt tëscht de Matbewunner kommen, mee och d’Relatioun zu den Erzéier wier méi perséinlech a vertraut an dat géif d’Entwécklung vum Jonke positiv beaflossen.
Am Grousse an Ganze géifen déi Jonk am meeschten aus de Strukture mathuelen, wa si vu Personal betreit ginn, wat sech souwuel mat hinne beschäftegt, an ob si ageet, wéi och an de richtege Momenter ka konsequent sinn an duerchgräift.
Esou géifen déi Jonk nämlech eng Vertrauensbasis zu de Pedagogen opbauen a sech méi matdeelen, wéi och Grenzen méi respektéieren.
Déi lescht Etapp fir Mineuren: Alles roseg zu Dräibuer a Co?
1. Deel Ex-Personal vum CSEE erzielt: Sex, Drugs and Rock’n’Roll - Un der Dagesuerdnung zu Dräibuer?
2. Deel “Placement hënnert déi Jonk net drun gewalttäteg a stroffälleg ze ginn.”
3. Deel Konflikter evitéieren: Tëscht Trauma-Pedagogik an haart duerchgräifen