Dräibuer, Schraasseg oder Buerglënster"Placement hënnert déi Jonk net drun, gewalttäteg a stroffälleg ze ginn"

RTL Lëtzebuerg
D’Strukture vum CSEE si jo an der Theorie déi lescht Etapp fir Jonker, déi stroffälleg oder opfälleg ginn. Ma och um Site geet et mat den Tëschefäll virun.

Kläppereien oder mol eng an d’Akaul gouf et tëscht Jonke schonn ëmmer. Et huet een awer d’Gefill, dass ëmmer méi dacks op Fäischt zeréckgegraff gëtt an och Waffe schénge méi beléift ze ginn, wann ee sech d’Nouvellë vun de leschte Méint a Joren eng Kéier duerchkuckt.

Tatsächlech ass Gewalt och op de Sitte vum CSEE keng Seelenheet. An do schwätze mir souwuel vu physescher wéi och verbaler Gewalt. “Vernannt ze ginn, ass fir d’Personal vum CSEE scho bal Normalitéit. Dat gehéiert zu der Aarbecht dozou”, erzielen direkt e puer Ex-Mataarbechter.

Besonnesch an der Unisec géif et ëmmer rëm zu physescher Gewalt géigeniwwer dem Personal kommen. D’lescht Joer ware jo bei enger Rebellioun an der zouener Struktur souwuel Personal wéi och Poliziste blesséiert ginn.

Déi Jonk hunn d’Soen hei. Wann et net leeft, wéi si et wëllen, gëtt rebelléiert an direkt mat Gewalt gedrot. Zemools jonkt Personal ouni Erfarung léisst sech do séier erpressen.

Gëtt e Jonken dann handgräiflech géint d’Personal, huet de Mataarbechter d’Méiglechkeet, sech vun engem Dokter ofchecken ze loossen an eng Plainte géint de Jonken ze maachen. “Dat ass dach absolutt sënnlos. Duerch eis Plainte gëtt hiren Dossier just nach méi déck a wéi soll een eng Vertrauensbasis opbauen, fir mam Jonke schaffen ze kënnen, wann dëse wéinst eis Educateuren op de Policebüro geruff gëtt?”, fënnt ee vun de fréiere Mataarbechter.

Besonnesch zu Dräibuer hätt een ëmmer erëm Waffe fonnt, déi verstoppt goufen. Dorënner Messeren, déi einfach am Buedem stiechen, mee och Handwierksgeschier, wéi en Hummer zum Beispill.

Kriminalitéit geet och no Placement virun

Huele mer un, e Jonke kënnt viru Geriicht, well hie Leit iwwerfall a geschloen huet. Da kënnt de Jonken an eng Struktur vum CSEE. Ma hei muss dann net onbedéngt Schluss si mat senger krimineller Karriär.

Ëmmer erëm kënnt et vir, dass Pensionnairen op Fuge ginn. Dat heescht, si lafen aus der Struktur fort. Wat nawell zimmlech heefeg virkënnt. Am Zäitraum vum Juli 2018 bis Dezember 2022 goufen et duerchschnëttlech 17 Fugen de Mount an de Wunngruppen, wéi d’Direktioun vum CSEE eis matdeelt. D’Unisec ass hei net mat abezunn.

Ma wat maachen déi Jonk, wa se op der Fuge sinn? Ganz einfach: d’Kriminalitéit geet virun. “Wa si bei eis fortlafen, hu si keng Suen. Si iwwerfalen also Leit, klauen op Tankstellen an a Butteker, bedrénke sech an et kënnt ëmmer rëm zu Vandalismus”, erklären eis Ex-Mataarbechter. Weider erziele si, dass si ëmmer erëm vun der Police kontaktéiert goufen, well hir Pensionnairë bei enger Strofdot erwëscht goufen, wärend si op der Fuge waren. An dat ass kee Geheimnis, sou liest een ëmmer rëm am Policebulletin vun Tëschefäll, wou Mineure vum CSEE concernéiert waren.

Hei nëmmen zwee Beispiller vu Villen:

Zwee Jugendlecher op oppener Strooss iwwerfall an ugegraff": Ee vun den Aggresseure war deen Ament zu Dräibuer placéiert a fortgelaf.

Grupp Jugendlecher op enger Tankstell geklaut [...] muttwëlleg Saachen um Site vun enger Tankstell zu Wolz futtigemaach": Och hei waren zwee Jonker am Spill, déi vun Dräibuer fortgelaf sinn.

Déi Jonk bretze sech mat hiren Aktiounen

Aus hire Feeler léieren déi Jonk am CSEE net alleguer. Hir Ausflich an Aktioune solle si mam Handy festhalen a wa si bis erëm um Site sinn, houfreg ronderëm weisen. "Mir hunn dat zum Beispill och mam Mäerder vu Bouneweg erlieft. Hien huet e Liewen um Gewëssen. Ma an der Unisec war hie wéi e Star an huet vu senger Aktioun erzielt”, sou e fréiere Mataarbechter.

Dass déi Jonk do all zesummen op engem Site liewen, géif och mat sech bréngen, dass si sech géigesäiteg ustachelen an och zesummen dobausse stroffälleg ginn.

De presuméierten Täter vu Bouneweg zum Beispill soll duerno an eng Wunneng zu Esch placéiert gi sinn. “Et huet zwee oder dräi Deeg gedauert, do huet hie mat zwee anere Jonken e Sans-Abris zerklappt a blesséiert.

E fréiere Gardien aus der Unisec hat eis d’lescht Joer schonn e bëssen erzielt, wéi hien d’Situatioun mat de Mineuren empfonnt huet. Hie sot deemools, dass d’Pensionnairë praktesch genau sou erausginn, wéi se erakommen. An hien ass net deen eenzege mat där Meenung. “Esou, wéi lo do geschafft gëtt an déi Jonk sech géigesäiteg beaflossen... Mir produzéieren nëmme grouss Krimineller”, mengt ee vun de fréiere Mataarbechter.

Geet d’Jugendkriminalitéit an d’Luucht? Schwéier Fro, keng kloer Äntwert

Allgemeng ass d’Zuel vun de schutzbedierftegen oder stroffällege Mineuren zu Lëtzebuerg geklommen. Eleng 2022 krut de Beräich fir Jugendschutz vum Parquet méi wéi 1.500 nei Fäll virgeluecht. An hei schwätze mir vun 1.549 Jugendlechen, déi 2022 eng éischte Kéier opgefall sinn. Dat entweder well se selwer stroffälleg gi sinn oder familiär Problemer hunn. Wann d’Mineuren nämlech schonn en Dossier um Geriicht hunn, ginn nei Strofdoten einfach an de bestoenden Dossier bäigeluecht an et gëtt keng nei Affär opgemaach.

D’Unzuel un traitéierten Dokumenter, wéi zum Beispill Procès-verbal, e Signalement oder e Rapport, louch 2017 nach bei bëssen iwwer 10.800. D’lescht Joer waren et knapp iwwer 16.800 Dokumenter, déi beim Parquet am Beräich Jugendschutz traitéiert goufen. Dat ass e Plus vu méi wéi 50 Prozent bannent nëmme 6 Joer. “Dës Resultater sinn d’Friichte vu Campagnen an Interventioune vum Parquet, fir d’Prozeduren an Thema Kannerhëllef- a Rechter ze enttabuiséieren”, sou d’Erklärung vum Parquet.

Ob d’Jugendkriminalitéit an d’Luucht geet, kann een zu Lëtzebuerg net beäntweren. Doduerch, dass de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht hei am Land ënnert dat selwecht Gesetz an domat ënnert déi selwecht Instanz falen, ginn et keng getrennten Zuelen an doduerch keng Statistiken iwwert d’Entwécklunge vun de leschte Joren. Dat soll an Zukunft awer änneren. Et goufen nei Texter ausgeschafft, fir d’Jugendstrofrecht an de Jugendschutz ze trennen. Am Laf vun eiser Serie gi mir méi déi nächst Deeg méi spezifesch dorop an.

CSEE-Direktioun: Null-Toleranz-Politik bei Gewalt

Gewalt an Aggressioune wieren nieft den Drogen e weidere grousse Problem bei de Pensionnairen. Et géif een en erhéicht Aggressiounspotenzial observéieren. “Mir probéieren natierlech, eist Personal beschtméiglechst ze schützen. Et ass awer net einfach, de Jonke Sécherheet ze vermëttelen, wa souguer d’Personal sech net sécher spiert.”, sou d’Direktioun.

De Schutz vun de Mineuren, awer och besonnesch vum Personal wier am CSEE déi héchste Prioritéit an deemno géif ee bei Handgräiflechkeet och net laang zécken. Fir dass et awer och guer net esou wäit kënnt, géife vill Formatiounen zum Sujet Deseskalatioun gemaach ginn. “Et fänkt schonn dobäi un, de Grupp gutt ze kennen an d’Gruppendynamik ze observéieren. Wann ech mierken, dass tëscht zwee Jonke grad gewëssen Tensioune sinn, dann ass et gutt, se ze trennen, andeems een zwou verschidden Aktivitéiten ubitt an déi Concernéiert net an de selwechte Grupp setzt.”, erkläert eis de Coordinateur vun engem Jongegrupp, de Yannick Gomes. Op Nofro hin, ob een dat am Alldag iwwerhaapt esou ëmsetze kann, huet hien awer och gesot, dass dat net ëmmer sou einfach ass.

Duerch d’Presenz vun de Sécherheetsbeamten hätt et sech a Punkto schwéier Gewalt awer e bësse verbessert. An d’Zuel vun de Policeasätz um Site wier däitlech zeréckgaangen, well d’Sécherheetsbeamten direkt op der Plaz sinn a séier agéiere kënnen, wann et dann zu Iwwergrëffer kënnt. Wann et dann awer eskaléiert, géif haart duerchgegraff ginn, seet souwuel d’Direktioun, wéi och de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher. “Do gëllt eng Null-Toleranz-Politik”, sou de Gilles Dhamen, éischte Beroder vum Ministère.

Fugë wieren an esou engem Kader net ze evitéieren, mengt de Gilles Dhamen. D’Mineure wieren ni fräiwëlleg an enger Struktur vum CSEE an ofgesi vun der Unisec sinn d’Mineuren net agespaart. Do géif et natierlech ëmmer rëm virkommen, dass Jonker sech duerch d’Bascht maachen. Dass all Mineur op der Fuge stroffälleg gëtt, wier awer net richteg. “Et sinn der vill, déi fortlafen, fir zeréck bei hir Famill ze goen, nach eppes mat Kolleegen dobaussen ze klären hunn oder beim Frënd oder der Frëndin ënnerkommen”, preziséiert den éischte Beroder um Ministère.

Wann e Pensionnaire op der Fuge ass, versichen d’Pedagogen, Kontakt mam Jonken opzehuelen an en ze iwwerzeegen zeréckzekommen. Si schaffen awer och dacks mat der Police zesummen. Wa si e Verdacht hunn, wou de Mineur sech ophält, kënnt et vir, dass e Pedagog dohinner kucke geet oder d’Police geet de Vermuddungen no. Sou d’Explikatioune vun der CSEE-Direktioun.

Gëtt e Pensionnaire op der Fuge stroffälleg, wier de richtegen Ëmgang mam Mineur immens wichteg, wann en erëm zeréck an der Struktur ass, erkläert de Yannick Gomes. “Mir mussen him kloermaachen, dass dat, wat e gemaach huet, net richteg war an en op der anerer Säit awer net sou verschrecken, dass en direkt erëm op Fuge geet. Et ass also ganz sensibel. Am beschte fiert een domat, wann een dem Mineur kloermécht, wéi säin Affer sech bei sou Virfäll fillt a wat dat mat dem Betraffene mécht.

Allgemeng wier de Lien tëscht de Pedagogen an de Jonken an esou Situatiounen immens wichteg. Et géif een de Jonken awer net alles duerchgoe loossen. Op dee Sujet gi mir en Donneschdeg am nächsten Deel méi genee an.


*No bausse gëtt een net vill gewuer, wéi et wierklech am CSEE ofleeft. Dat huet zum Deel mat der Schweigeflicht vum Personal ze dinn. Fënnef fréier Mataarbechter wollten de Mond awer net halen. Fir si ze schützen, bleiwe si onerkannt. Mir wäerten och net soen, op wéi engem Site déi ënnerschiddlech Leit geschafft hunn. Wat eis an dësen Interviewen awer besonnesch wichteg war, ass, dass si alleguer just vu Saachen erzielen, déi si selwer gesinn hunn a matkruten.*

Déi lescht Etapp fir Mineuren: Alles roseg zu Dräibuer a Co?
1. Deel Ex-Personal vum CSEE erzielt Sex, Drugs and Rock’n’Roll - Un der Dagesuerdnung zu Dräibuer?

Back to Top
CIM LOGO