Ex-Personal vum CSEE erzieltSex, Drugs and Rock'n'Roll - Un der Dagesuerdnung zu Dräibuer?

RTL Lëtzebuerg
An eiser Serie iwwert de Centre socio-éducatif de l’Etat erzielt d'Ex-Personal, wat si déi lescht Joren alles gesinn an erlieft hunn.

De Centre Socio éducatif de l’Etat, kuerz CSEE, gëtt och gäre mol de Jugendprisong genannt, obwuel et dat net ass. Hei gi Jonker vum Geriicht placéiert, déi stroffälleg gi sinn oder net méi bei hire Famille liewe kënnen. Zil vum Service ass et, de Mineur ze ënnerstëtzen an aner Perspektiven ze weisen. Méi Detailer zum CSEE fannt Dir an dësem Artikel.

Dräibuer – en Drogenhotspot ?

Ënnert anerem de Cannabiskonsum soll op de Sitte vum CSEE un der Dagesuerdnung sinn. “Zemools Dräibuer ass mëttlerweil wéi e Quartier vu Marseille”, erzielt ee vun den Ex-Mataarbechter. “Déi Jonk hunn hiren Joint an der Hand oder an der Täsch, kiffe virun den Ae vum Personal a verstoppe sech mol net méi.”

Déi Jonk géife guer kee Geheimnis méi doraus maachen, well se d’Konsequenzen net fäerten. E puer Persounen erzielen eis och vun Trafic mat Zigaretten an Drogen tëscht de Jonken, wéi och tëscht de Jonken an dem Personal.

“A wa mir se gesinn, solle mir se einfach gewäerde loossen. Looss e fëmmen, war dann d’Reaktioun vun uewen. Alles nom Motto ‘all Konfrontatioun ze evitéieren’”, sou een aneren Ex-Mataarbechter.

Duerch den Opbau vun der Unisec an d’Wunngruppen, déi um selwechte Site sinn, géifen Zigaretten an Drogen et och ëmmer rëm an d’Unisec packen. “D’Mauere vum Haff vun der Unisec sinn net héich genuch. Déi Jonk vu bausse kënne mat de Pensionnaire banne kommunizéieren a Géigestänn, wéi zum Beispill Zigaretten, einfach iwwer den Drot schéissen.”

Ginn déi Jonk dann duerchsicht, géif en Deel vum Personal “d’Fouille” net anstänneg maachen an dat souguer bewosst, wéi en Ex-Mataarbechter erzielt. “Mir gesinn, dass de Jonke säin Joint an d’Täsch stécht. E gëtt da vu bestëmmte Persoune geruff, fir duerchsicht ze ginn, an ech kréie gesot, ech bräicht net dobäi ze sinn, si géif sech drëm këmmeren. Kuerz drop kënnt de Jonke rëm raus, hëlt säin Joint aus der Täsch a fänkt en un. Et kann ee mir net soen, dass dat dann einfach iwwersi gouf.”

Ma net nëmme bei Zigaretten an Droge géif net haart duerchgegraff ginn. Och Sexualitéit ass en Thema.

Geschlechtsverkéier net nëmmen tëscht de Jonken

Déi Jonk, déi am CSEE placéiert sinn, si matten an der Pubertéit. Dass do och d’Sexualitéit en Thema ass, kann ee sech denken. Ma besonnesch zu Schraasseg konnt een dat iwwert eng Zäitche guer net ënnerbannen. Schraasseg war ursprénglech de Site fir d’Meedercher. Iwwert eng gewëssen Zäit waren hei awer souwuel Jonge wéi och Meedercher ënnerbruecht. Do wier et da reegelméisseg zu Geschlechtsverkéier tëscht de Mineure komm. Och Relatiounen tëscht de Jonke géife mol virkommen.

“Dat ass awer net den eigentleche Problem”, wéi ee vun den Ex-Mataarbechter fënnt. “Mee déi Jonk, déi mir betreien, kommen dacks aus onstabille Famillen. Mir haten eng jonk Koppel an eiser Struktur. Si sinn dunn zesummen an d’Wunngrupp zu Schraasseg gesat ginn. An eng Kummer mat engem Duebelbett. Natierlech ass d’Meedchen du schwanger ginn. Eng Partie Pedagogen hunn dës Entscheedung net gutt fonnt, mee ‘op d’mannst si se do kadréiert’ war d’Äntwert. No der Gebuert vum Kand hu si sech natierlech getrennt an de jonke Papp ass an d’Droge gerutscht. Mat dëser Entscheedung gouf rëm e Kand an eng onstabil Famill gebuer.”

Sex a Relatioune ginn et net nëmmen tëscht de Jonken, mee déi lescht Jore soll et ëmmer rëm zu Interaktiounen tëscht dem Personal an de Pensionnaire komm sinn.

Plakeg Fotoe vun Educatricë solle bei de Jonken zirkuléieren. Ma et bleift net bei de Fotoen. An der Unisec soll eng Sécherheetsbeamtin eng Relatioun mat engem Pensionnaire gehat hunn an dës och weidergefouert hunn, nodeems hien net méi an der Unisec war. “Eng Educatrice aus der Unisec ass souguer schwanger gi vun engem Jong, deen do placéiert war”, erzielt ee vum Ex-Personal.

Eng weider Educatrice soll eng Affär mat engem knapp 16 Joer ale Pensionnaire gehat hunn. Si war d’Referenzerzéierin, also Uspriechpartnerin a Bezuchspersoun fir de Jonken. Si soll ëmmer rëm fir Stonnen an der Kummer vum Jonke verschwonne sinn, em Kaddoe gemaach hunn an hie bei sech doheem verstoppt hunn, wann de Jonken zu Dräibuer fortgelaf ass. “Si huet hien och ëmmer eleng an der Zell besicht, wann hien do isoléiert war, obwuel et an eisem Reglement steet, dass mir nëmmen zu 2 bei e Jonken an d’Zell dierfen aus Sécherheetsgrënn”, erzielt ee fréiere Mataarbechter.

Och en anere vun eisen Zeien erzielt eis dës Geschicht: “Déi Jonk hunn oppen driwwer geschwat an et ass erauskomm, dass d’Educatrice och mat anere Jongen eppes hat. Et goufe souguer Messagen tëscht engem vun de Jongen an der Educatrice fonnt wéi och Videoen.” No an no wieren ëmmer méi Geschichten erauskomm an och Membere vum Personal solle sech doriwwer bei der Direktioun beschwéiert hunn. Mat wéi enge Konsequenzen? “Et goufe keng Suitten. D’Educatrice schafft ëmmer nach fir de CSEE!”

A wéi reagéiert Direktioun op esou Saachen?

“Wann Direktioun bis weess, dass déi Saache beim Personal zirkuléieren oder et wierklech handfest Beweiser ginn, kréie mir e Mail vun der Direktioun, dass et e Virfall gouf an dass si informéiert sinn. Am Mail gëtt dann ëmmer rëm och un eis Schweigeflicht erënnert an dass mir no baussen net doriwwer schwätze sollen.”

Eng Partie Membere vum Personal hätte Preuven awer un d’Police Judiciaire weiderginn. De Parquet huet eis confirméiert, dass si 2021 mat engem Dossier befaasst goufen, wou et ëm eng sexuell Relatioun tëscht enger Educatrice an engem 16 Joer Ale vun Dräibuer goung. D’Affär gouf vum Parquet awer klasséiert, well et Zweiwel gouf.

Droge sinn e Problem, confirméieren Direktioun a Ministère fir Kanner a Jugendlecher

Dass an de Strukture vum CSEE Drogen, haaptsächlech Cannabis, am Ëmlaf sinn, dat streit Direktioun net of. Am Géigendeel “Droge sinn eise gréisste Géigespiller”, sou d’Sous-Direktesch vum CSEE Joëlle Ludewig.

Vill Mineuren, déi an de CSEE kommen, konsuméieren Drogen. Dat hätt dacks mat den traumateschen Erliefnisser vu de Jonken ze dinn. Déi meescht géife Cannabis consomméieren, fir déi Problemer kuerzzäiteg ze vergiessen, hir Emotiounen an de Grëff ze kréien an erofzekommen. De CSEE positionéiert sech awer kloer géint Drogen. “Wa mir ee gesi mat illegale Substanzen, da gëtt dat confisquéiert an un d’Police weiderginn. Dat gëtt dann och schrëftlech am Rapport fir de Riichter festgehalen.”

Am CSEE géif een op der enger Säit disziplinaresch domat ëmgoen. Sou riskéiert de Jonken en Avertissement, wann en déi éischte Kéier erwëscht gëtt oder Isolatioun, wann et reegelméisseg virkënnt. Et géif een dat Ganzt awer och pedagogesch ugoen. Den Erzéier Yannick Gomes zum Beispill bitt de Mineure gären Alternativen un, fir mat Emotiounen oder Stress ëmzegoen. “A Situatiounen, wou de Jong mir seet, e géif lo eigentlech gäre consomméieren, kann een en Tour mat em lafe goen. Wann en duerno méi entspaant ass, mierkt e jo selwer, dass et och aner Méiglechkeete ginn. Mee dat ass dacks e laange Prozess. Et kann ee keen zwénge vun haut op muer opzehalen.”

Et wier awer och genau sou wichteg ze reagéieren, wann de Mineur net consomméiert. “Ech fannen et genee sou wichteg dem Jonken ze soen, wéi ech hien erliewen, wann hien net ënner Droge steet, wéi em och ze soen, wéi et ass, wann e consomméiert huet”, erkläert de Coordinateur vun engem Jongegrupp.

Et géif een awer reegelméisseg Urin-Prouwe maachen, fir ze kucken, ob de Jonke méi oder manner consomméiert. A schwierege Fäll géif een och mat der Psychiatrie zesummeschaffen, fir dass de Mineur en Entzuch maache kann. Oder et dirigéiert een de Mineur bei Strukture wéi den Impuls.

Dës Weidere géifen d’Pensionnairen dacks duerchsicht ginn, wa si aus dem Weekend rëmkommen, fir ze verhënneren, dass si Droge mat op de Site bréngen. Wann Drogen um Site rëm méi present ginn, géif d’Direktioun awer och mol d’Police mat Drogenhënn komme loossen. Déi géifen dann all Mineur an all Kummer eenzel duerchsichen, erkläert d’Direktioun.

Onprofessionell Professioneller, awer och just Mënschen

Wat déi sexuell Affären um Site ugeet, sou fënnt Direktioun dat héich onprofessionell. “Wann et dozou kënnt a mir dat gewuer ginn, da reagéiere mir och direkt. Esou e Verhale gëtt vun eis net toleréiert. Et muss een awer och verstoen, dass d’Onscholdsvermutung gëllt. Soulaang keng Beweiser do sinn a keen Urteel, kënne mir do näischt Konkretes maachen.” Si géifen d’Gespréich mam concernéierte Personal sichen an alles un d’Police viruginn. Wann dann awer, wéi an deem Fall vun 2021, d’Affär vum Geriicht klasséiert gëtt, well et net genuch Beweiser ginn, kéint ee weider näischt ënnerhuelen. “Et muss ee jo och bedenken, dass et en Aarbechtsrecht gëtt. Et kann ee keen einfach sou erausgeheie wéinst Rumeuren”, erkläert och de Gilles Dhamen vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher.

An engem anere Fall, wou eng Mataarbechterin selwer eng sexuell Relatioun zu engem Mineur gebeicht huet, gouf déi Concernéiert direkt suspendéiert an huet duerno och gekënnegt. Dass een esou Virfäll einfach ignoréiere géif, wëll d’Direktioun definitiv net op sech sëtze loossen.

“Natierlech ass all Mataarbechter hei just Mënsch. Mee et ginn och Grenzen. Déi eng fannen et zum Beispill ok, dass si engem Pensionnaire e Kaddo maache wéi zum Beispill e puer Schong, well si et gutt mengen. Mir sinn awer där Meenung, dass dat schonn ze wäit geet”, erkläert d’Joëlle Ludewig.

Betreffend d’Duerchsichen, versteet d’Direktioun d’Virwërf vum Ex-Personal net. All Mataarbechter géif hei eng speziell Formatioun kréien. Dat geet vun der einfacher “Fouille”, wou nëmmen ofgetaascht gëtt, hin zu der integraler “Fouille”, wou de Mineur sech ausdoe muss. Hei ginn et nämlech och Virgabe fir d’Intimitéit vum Jugendlechen an dëser Stresssituatioun sou gutt et geet ze schützen.


*No bausse gëtt een net vill gewuer, wéi et wierklech am CSEE ofleeft. Dat huet zum Deel mat der Schweigeflicht vum Personal ze dinn. Fënnef fréier Mataarbechter wollten de Mond awer net halen. Fir si ze schützen, bleiwe si onerkannt. Mir wäerten och net soen, op wéi engem Site déi ënnerschiddlech Leit geschafft hunn. Wat eis an dësen Interviewen awer besonnesch wichteg war, ass, dass si alleguer just vu Saachen erzielen, déi si selwer gesinn hunn a matkruten.*

Back to Top
CIM LOGO