Och wann et net ëmmer einfach wier, d’ADR-Schëff ze navigéieren, kéim ee ganz gutt derduerch, sou d’ADR-Parteispëtzt weider.
D’Alexandra Schoos huet d’Pensiounsreform an de Mëttelpunkt vun hirer Ried gestallt an drun erënnert, dass d’ADR mat Mehlen a Gibéryen d’Diskussioun iwwer d’Pensiounsreform ausgeléist hätt a si wieren och déi eenzeg an éischt Partei gewiescht, mat konkrete Propose fir esou eng Reform.
Den demografesche Wuesstem, dee gebraucht géif ginn, fir d’Pensiounen ze assuréieren, acceptéiert d’ADR net. Et misst een aus der Wuesstemsfal eraus, et wéilt ee weder e Staat mat enger Millioun a scho guer net mat zwou Milliounen Awunner an Awunnerinnen. Um Nationalkongress gouf zum Beispill eng progressiv Erhéijung vun de Cotisatioune vun 8 op 9 Prozent proposéiert an eng Erhéijung vum virgezunne Rentenantrëttsalter, also 57 respektiv 60 Joer, ëm ee Joer. De legale Pensiounsalter vu 65 Joer sollt ee bäibehalen an och net un d’Cotisatiounsjore goen.
Den éischten ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet a senger Ried de Fokus op den Erhalt vun der Meenungsfräiheet geluecht. D’EU-Kommissioun géif mat Reguléierungen a Verbueter probéieren, Meenungen, déi net konform sinn, ze ënnerdrécken. Och wann d’Kommissioun sech d’Stabilitéit vun der Demokratie op de Fändel geschriwwen hätt, sou misst si d’Demokratie méi glafwierdeg vertrieden. Wat de Krich an der Ukrain ugeet, wier Europa gutt beroden, sech dem Paradigmewiessel an den USA unzeschléissen an esou pragmatesch d’Friddensverhandlunge mat Russland virunzedreiwen.
Wa si vun den anere Parteien, “déi schlëmmst vun de Schlëmme” genannt géife ginn, ass dat fir de Fred Keup en Zeechen dofir, dass déi keng eegen Inhalter opweises hätten an duerch esou Aussoen eng Dosinnsberechtegung géinge sichen, mengt den ADR-Fraktiounspresident a prophezeit, wat déi Gréng ugeet, keng weider Regierungsbedeelegung. D’Meenungsfräiheet wier a Gefor, seet och hien, déi politesch Elite wier wäit ewech vun der Realitéit a vun de Bierger, sou de Fred Keup, deen d’ADR déi demokrateschst Partei vun allen nennt.