
De Poopst Leo XIV ass e Freideg a Südamerika gelant fir seng bis elo längst Auslandsvisitt. 12 Deeg soll seng Rees daueren, dat mat Statiounen an Uruguay, Argentinien an am Peru, wou de Poopst selwer iwwer 20 Joer gelieft huet. Hie wier glécklech zeréckzekommen, sot en e Freideg no gutt 13 Stonne Vol.
Bis viru kuerzem war net kloer, ob de Poopst Leo déi Rees wéi geplangt maache kéint, well e rezent eréischt mat engem béisaartegen Tumor un der Long operéiert gouf.