Besser Konditiounen a Schoulen an UnienA Frankräich gëtt e Samschdeg op en neits gestreikt

RTL Lëtzebuerg
Elleng zu Paräis gi sech haut 40.000 bis 60.000 Demonstranten erwaart.
© ALAIN PITTON/NurPhoto via AFP

A Frankräich gëtt e Samschdeg op en neits gestreikt. Et ass de véierte Samschden hannerteneen, datt landeswäit Protester sinn. Ugefaangen hat et mat Protester vu Studenten, déi besser Konditiounen an de Schoulen an op den Unien gefuerdert hunn.

Entretemps ginn a Frankräich Honnertdausende Mënschen op d'Strooss, dorënner och Gewerkschaften a Gilets jaunes. Nieft méi finanzielle Moyene fir d'Bildung, ginn och besser Salairen a Steiergerechtegkeet gefuerdert.

Fir e Samschdeg sinn eng 70.000 Policebeamten a Gendaarme mobiliséiert ginn fir gréisser Ausschreidungen ze verhënneren. Elleng zu Paräis gi sech de Weekend 40.000 bis 60.000 Demonstranten erwaart.

Back to Top
CIM LOGO