Éischten Informatiounen no koum et no engem Iwwerhuelmanöver zu där Kollisioun. Dat schreift d’Police an hirem Bulletin.
Zwou Persoune goufe blesséiert, eng dovunner schwéier. Béid Persoune koumen an d’Spidol.
Och e Camion war an den Accident verwéckelt. Nieft de Pompjeeë vu Stengefort an den Ambulancièrë vu Mamer an der Stad war och de Rettungshelikopter op der Plaz.
D’Streck gouf fir d’Rettungsaarbechte vun der Police gespaart an eng Deviatioun gouf en place gesat. Géint 14.45 Auer koum Entwarnung vun der Police, dass d’Streck nees op wier.

E Freideg de Moien um 8.40 Auer gouf op der Avenue du X Septembre um Belair dann nach eng Persoun vun engem Camion ugestouss a blesséiert. D’Rettungsekippen aus der Stad waren am Asaz.