Wéinst méigleche Bakterien"NAN EXPERT PRO sans lactose" vu Nestlé gëtt zeréckgeruff
Wéi d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung schreift, gëtt et wéinst dem Produit eng Alerte orange, dat wéinst méigleche Bakterien.
Verëffentlecht: 18.11.25 17:36, Update: 27.11.25 17:24
De Produit "NAN EXPERT PRO sans lactose" vu Nestlé muss zeréckgeruff ginn, dat wéinst méigleche Bakterien, déi, sou d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, e méigleche Risiko fir de Konsument kënnen duerstellen. Betraff si Bechere vu 400 Gramm mat dësem Bar-Code: 8445291272521.
Hei déi komplett Warnung.