Haut sinn d’Dokumenter nach op 7 verschidde Sitte verspreet. Enn des Joers plënnert d’Nationalbibliothéik an e fonkelneit Gebai op ronn 24.000 m2 op de Bricherhaff um Kierchbierg. D’Monique Kieffer, déi zanter 1999 Directrice vun der BnL ass, freet sech virun allem drop, fir an den neie Raimlechkeeten efficace, am Sënn vun den Utilisateuren, schaffen ze kënnen a fir déi Infrastruktur ze hunn an esou den Erausfuerderungen vun der Wëssensgesellschaft gerecht ze ginn, sou eis Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moien.
Déi nei Nationalbibliothéik soll eng Plaz ginn, wou d’Leit gär hikommen fir hir Recherchen oder fir an engem frëndleche Kader a Rou schaffen ze kënnen. D’BnL gesäit sech selwer als wëssenschaftlech Universalbibliothéik, déi net nëmmen fir Studenten a Studenten do ass, mä och aner Leit uschwätze soll.
Dofir ginn d’Ouvertureszäiten adaptéiert, owes méi laang bis 20 Auer a samschdes nomëttes. Dat ass all Zäit d’Zil, sou d’Monique Kieffer. Datt eng Nationalbibliothéik samschdes mëttes fir de Public zou ass, wier absolut net méi zäitgeméiss. Fir dat gestemmt ze kréien, soll d’BnL Personal bäi kréien.
Och am digitalen Zäitalter géifen nach ëmmer Leit an d’Bibliothéik kommen, sou d’Monique Kieffer.
D’Nationalbibliothéik huet als Missioun alles ze sammelen, wat zu Lëtzebuerg erauskënnt. D’Luxemburgensia gëtt digitaliséiert an dat géif och vill consultéiert ginn, sou nach d’Monique Kieffer.
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien war d’Directrice vun der Nationalbibliothéik.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren