
Bis ewell huet eng ganz Klass mussen doheem bleiwen, wann 2 Kanner positiv op de Coronavirus getest goufen. Elo geschitt dat eréischt, wa 6 Kanner sech infizéiert hunn. Ausserdeem engagéiere sech d’Elteren, hir Kanner 3 Mol d’Woch doheem ze testen. Ass dann ee Schüler positiv, mussen déi aner Kanner eng Woch laang all Moie virun der Schoul en Test maachen. Eng Strategie, déi d’Associatioun vum Léierpersonal am Cycle 1 AIP begréisst, wéi hir Presidentin Joëlle Theobald erkläert:
„Mir fannen, dass den Testing renforcé eng wierklech gutt Saach ass, well et esou gehandhaabt gëtt wéi am Cycle 2 bis 4. Dat heescht, d’Elteren, déi de Consentement, déi Lettre à l’honneur ënnerschriwwen hunn, sollen hir Kanner moies, ier se an d’Schoul kommen, doheem testen. A mir ginn och dovun aus, dass d’Elteren dat awer wierklech maachen. Mir mussen hinnen do vertrauen. Mir gesinn och net wierklech, firwat si dat net solle maachen, well en fin de compte geet et jo net nëmmen ëm hiert Kand, mä et geet ëm de ganzen Entourage och doheem.”
Domat ginn d’Reegelen am Cycle 1 un déi vum Rescht vum Fondamental ugepasst. Eng Upassung, déi d’Enseignantsgewerkschaft SNE awer kritesch gesäit. Et géif ee verstoen, dass déi aktuell Situatioun keng einfach wier an dass eng Quarantän fir déi ganz Klass bei zwee infizéierte Kanner eng ganz Rei Problemer mat sech bréngt. Ma dem President vum SNE Patrick Remakel no, géif d’Decisioun, fir dës Reegel opzeweechen, eng ganz Rei Gefore mat sech bréngen. Et géif wuel koherent schéngen, d’Reegelen un déi an den anere Cyclen unzepassen, ma d’Situatioun am Cycle 1 wier eng ganz aner.
„Zum Beispill hu mir am Cycle 2 eng Maskeflicht fir d’Kanner. Dat hu mir am Cycle 1 net. D’Kanner hu keng Mask un. Si spille mateneen. Si schaffen a Gruppe mateneen. Et ass enke Kontakt tëscht de Kanner. Et ass enke Kontakt tëscht de Kanner an dem Enseignant. Mir hu keng Raumloftfilteren, wéi mir se scho laang gefuerdert hunn, déi sinn net do. An do froe mir eis, ob dee Risiko, dee mir elo huelen, ob deen definitiv net ze grouss ass.”
D’Associatioun vum Léierpersonal aus dem Cycle 1 AIP dogéint begréisst dës Ännerung. Wéi geféierlech d’Situatioun fir d’Gesondheet vun de Kanner ass, kéinte si als Enseignanten net aschätzen. Do misste si dem Ministère vertrauen. Ma och fir déi Klengst wier de Kontakt mat deenen anere Kanner enorm wichteg, esou d’Presidentin vun der AIP, Joëlle Theobald.
„Vill Kanner ware wochelaang guer net méi an der Schoul, wat natierlech fir d’Léierprozesser an der Schoul an och fir d’Sproochentwécklung vum Kand net fërderlech war. Kanner brauchen d’Interaktioun mat hire Kolleegen a Kolleeginnen, fir sech kënne weider z’entwéckelen. Dofir hu mir et begréisst, dass elo vum MENJE eng Reaktioun komm ass.”
D’AIP begréisst och déi nei Teststrategie fir de Cycle 1. D’Elteren engagéiere sech hei, hir Kanner doheem 3 Mol d’Woch ze testen. Ass dann ee Kand positiv, mussen déi aner Kanner an der Klass eng Woch laang all Dag moies virun der Schoul getest ginn.
D’Enseignantsgewerkschaft SNE bleift och dozou skeptesch. Dass d’Kanner och wierklech getest ginn, kéint een esou schliisslech net garantéieren.
E Méindeg de Moie goufen et 2 Corona-Fäll. Nach déi lescht Woch hätten d’Kanner an deem Fall alleguer missen doheem bleiwen, mat dem neie Reglement duerfe se lo nawell an d’Schoul. De Seuil fir an d’Quarantän am C1 gouf vun 2 op 6 positiv Fäll gehéicht.
Um Terrain kommen déi méi labber Mesurë gutt un; d’Enseignante Judith Barra ass frou, dass d’Klass opbleift. An hirer Klass hätten all d’Elteren d’Déclaration d’honneur fir den Testing ënnerschriwwen. Fir de Philippe Kloos aus der Regionaldirektioun Suessem berouegt déi nei Mesure de Quarantän-Chaos. “Eng normal Schoulvakanz stellt eis scho virun eng Erausfuerderung, wat d’Sproochentwécklung ugeet, an esou eng Quarantän vu méiglecherweis e puer Wochen ass do net fërderlech.”
