Als Chauffer vun engem modernen Auto muss een eigentlech schonn haut net méi vill eleng maachen. Ma trotz de sëllegen, deels obligatoreschen Assistenten, ginn et zu Lëtzebuerg nach ëmmer vill Accidenter, bedauert den Automobilclub. De President Dr. Yves Wagner.
“Den éischte Problem ass, dass d‘Leit sech ze vill un déi Systemer winnen an ze vill Vertrauen hunn. Also d‘Leit verléiere schonn e bëssen Auto ze fueren. D‘Kompetenz hannert dem Steier ass erofgaangen.”
ABS an ESP si scho méi laang obligatoresch. An der EU mussen nei Autoen zanter zejoert och eng automatesch Noutbrems an e Spueren-Assistent hunn. Och Systemer, déi bei Vitess-Iwwerschreidunge respektiv Middegkeet an Onopmierksamkeet warnen, däerfen net feelen. Vum Zil vun null Verkéiersdoudegen ass een awer nach e gutt Stéck fort. Trotz Baisse ginn et nach vill Accidenter: offiziell 1.130 zejoert mat iwwer 300 Schwéierblesséierten an 18 Doudegen. Doraus schléisst den Yves Wagner, dass eppes falsch leeft.
Den ACL-President hëlt och d‘Fahrschoulen an d‘Responsabilitéit:
“U sech soll ee léieren Auto ze fueren ewéi fréier. Also ouni Assistenz. Da géif een och verstoen, wat d‘Limitte vum Auto sinn. D‘Elektronik bréngt et ni fäerdeg, déi physesch Limitten ze vergiessen.”
Et muss ee sech awer d‘Fro stellen, ob d‘Assistenten da wierklech méi schlecht maachen, ewéi gutt? Den Yves Wagner, relativéiert:
“Nee dat net. Am Géigendeel. Ech kenne vill gutt Systemer. Mä se sinn net an all Situatioun gutt. Dat muss ee verstoen.”
Virop net, wann d‘Stroosse knubbeleg an d‘Beschëlderung schlecht wären. De Problem vun der Infrastruktur: Eng Kritik, déi den Automobilclub net fir d‘éischt äussert.