Op 5 MinutesNidderkuerer Spidol ofrappen? Gemeng huet Thema nach net opgegraff

RTL Lëtzebuerg
Déi Responsabel an der Déifferdenger Gemeng hu sech nach net mam Ofrappe vum Spidol auserneegesat.

Et war eng grouss Annonce: Wann dat neit Südspidol zu Esch opgeet, gëtt den Hôpital Princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer zougemaach an ofgerappt.

Eng Decisioun ass awer an dësem Fall nach net geholl. De Buergermeeschter stëmmt sech net géint d’Ofrappe vun de Gebaier aus den 1950er a 1960er Joren, ma esou kéint och do eppes Neies entstoen, sot de Roberto Traversini am Déifferdenger Gemengerot.

Eng Decisioun soll net virun 2023 geholl ginn, dat, wann d’Südspidol zu Esch opgeet an Nidderkuer, wat zum CHEM gehéiert, soll zougoen.

LINK: Weider Detailer zum Thema bei eise Kollege vun RTL 5Minutes.

Back to Top
CIM LOGO