
Fir ronn 5.200 Jongen a Meedercher fänkt haut eng nei Etappe an hirem Liewen un. Si wiessele vum Fondamental an déi “grouss Schoul”.
E Mëttwoch ass dann och fir de Rescht vun de Lycéesschüler d’Summervakanz definitiv eriwwer. Am ganze sinn dëst Schouljoer ronn 48.000 Jugendlecher am Secondaire ageschriwwen. D’Majoritéit dovun, eng 38.000 Schüler, ginn an déi ëffentlech Schoulen, déi aner a Privatschoulen. Aktuell sinn iwwer 4.400 Enseignanten an de Lycéeën hei am Land beschäftegt.