
D’Gewerkschafte kruten e Méindeg matgedeelt, datt de Curateur seng Decisioun geholl hätt. Dem Stefano Araujo vum OGBL no misst elo sou séier wéi méiglech en Transfert gemaach ginn, fir datt d’Leit sou séier wéi méiglech nees ufänke kéinte mat schaffen. Si géifen zanter Joren op näischt aneres waarden. Ze lescht wieren nach eng 130 Leit um Stolwierk zu Diddeleng affektéiert gewiescht.
Den OGBL ass sech bewosst, datt d’Wierk net vun haut op muer nees zu 100% lafe wäert, mä d’Erfarung wier awer do. All d’Konditioune wieren erfëllt, fir en Transfert z’erméiglechen. De Stefano Araujo ass dann och optimistesch, datt dës Vue vun alle concernéierten Acteuren och gedeelt gëtt. Grad datt elo an den nächsten Deeg, respektiv Wochen, séier Neel mat Käpp gemaach musse ginn.
De Curateur Maître Olivier Wagner wollt en Donneschdeg näischt zu der Nouvelle soen. Mir krute just matgedeelt, et wier nach net alles ofschléissend gekläert. De Staat muss effektiv nach decidéieren, ob en dem tierkesche Stolproduzent den Terrain zu Diddeleng gëtt oder net. Deen ass nämlech an ëffentlecher Hand. Wéi et heescht, soll déi zoustänneg Kommissioun mat Vertrieder aus dem Wirtschafts- a Finanzministère bis Enn des Mounts tranchéieren. Et ass dëst eng Kommissioun, déi d’Attributioun vun Terrainen an Industriezone geréiert. De Staat huet heifir beim Grupp nach eng Rei Prezisioune gefrot, ënnert anerem zu de geplangten Aktivitéiten a wéi vill Leit duerno zu Diddeleng schaffe sollen.
De brittesche Grupp Liberty Steel hat am November zejoert Faillite gemaach. Tosyali Holding beschäftegt eegenen Aussoen no iwwer 15.000 Mataarbechter op dräi Kontinenter a produzéiert all Joer knapp 10 Milliounen Tonne Stol.