
Zu Miersch an enger Strooss huet eng Persoun säi Won mëttwochs den 12. November ofgestallt. Moies hätt do e Schëld gestanen, dass ee vum 22. Oktober bis de 7. November net parken dierft. Nomëttes dunn en néit Schëld: Et wär tëscht dem 6. November an dem 21. November net erlaabt, op dëser Plaz ze parken. E Protokoll hat de Chauffer duerno a sengem Auto pechen.
Ënnert dem Post kritt d’Persoun eng Äntwert vum Abby Toussaint, Schäffen an der Mierscher Gemeng. D’Schëlder op der concernéierter Plaz hätten ëmgedréint an op der Säit gestanen. Op Nofro hi beim Steve Hatto, Chef vum Service “Proximité”, hu mir follgend Erklärung kritt:
Parkverbuetsschëlder misste fréistens 48 Stonne virdrun a spéitstens 24 Stonne virdrun opgestallt ginn. De Jérôme Allard, Gemengesekretär adjoint vu Miersch a Responsabel fir d’Verkéiersreglementatioun, konnt weider wichteg Erklärunge ginn. No den Iwwerschwemmunge vum Summer 2021 hätten d’Gemengeresponsabel vu Miersch eng Derogatioun beim Transport- an Inneministère ugefrot an accordéiert kritt. Zanterhier géif et duergoen, Schëlder 24 Stonnen am viraus opzestellen an net méi 48 Stonnen. Fir zum Beispill d’Awunner virun Iwwerschwemmungen ze warnen.
Bei dësem konkrete Fall géif et sech ëm Aarbechten an der Rue des Près handelen, wou en Haus ofgerappt gi wär. Méi genee op der Nummer 32. Dëse Schantje vum Entrepreneur hätt sech méi laang gezunn. D’Parkverbuetsschëlder, déi bis de 7. November gegollt hätten, hätten ëmgedréint an op der Säit gestanen. Déi nei Schëlter richteg a gutt erkennbar. Et géifen och ëmmer Fotoe gemaach ginn am Fall vu Reklamatiounen. Reklamatiounen, déi de Service de Proximité entgéint huele géif.
Dës Fro hu mir un den Affekot Jean-Jacques Schonckert weiderginn. Dem Maître seng Äntwert ass kloer. Et wär egal ob een en “Avertissement taxé” vun engem Polizist oder Pechert ausgestallt kritt. Et misst een d’Strof bezuelen. Et wär och d’Police, déi e Rappel géif erausschécken. Géif een de Protokoll net bezuelen, geet d’Affär un de Parquet.
Datt een dräi Protokoller pro Joer kéint accumuléieren an net bräicht ze bezuelen, wann dës vun engem Pechert ausgestallt wären, dat wär falsch. Sou eppes huet den Affekot nach net héieren.