
Dat schreiwen d’Gewerkschaften e Freideg an engem Communiqué no enger Entrevue mam Finanzminister en Donneschdeg. De geplangte gemeinsame Steierbarème, orientéiert un der aktueller Klass 1a, soll fir déi meescht Steierzueler eng Entlaaschtung bréngen. Fir déi Leit, déi duerch d’Reform kéinte verléieren, ass eng Iwwergangsphas vu 25 Joer virgesinn. D’Syndikater sinn allerdéngs der Meenung, datt dat net duer geet an datt et keng zäitlech Limitt dierft ginn.
D’Unioun OGBL-LCGB warnt awer, datt den neie Barème de Problem vum „Mëttelstandsbockel“ nach verstäerke kéint a fuerdert, datt déi héich Akommes méi staark besteiert ginn. Weider kritiséiere si, datt d’Reform zum Deel doduerch finanzéiert soll ginn, datt de Barème an den nächste Joren net un d’Inflatioun ugepasst gëtt. Am Allgemenge gesi si am Projet keng Léisung vun de strukturelle Steier-Ongläichheeten a fuerderen eng déifgräifend Reform, mat enger méi staarker Besteierung vun héijen Akommes, Verméigen a Kapitalakommes.