An de fréie Moiesstonne vum 16. Dezember 1944 huet déi däitsch Wehrmacht déi alliéiert Truppen op enger Längt vun 100 Kilometer ugegraff. D’Kämpf sollte bis Enn Januar 1945 daueren an op béide Säiten Dausende Leit d’Liewe kaschten.
Fir dorunner ze erënneren, goufen queesch uechter d’Éislek Commemoratiounen organiséiert. Eng dovun, eng sougenannt “Night Vigil”, war um 6 Auer zu Houschent. A Presenz vun ënnert anerem der amerikanescher Ambassadrice an der Enkelin vum Generol Patton hunn eng 50 bis 60 Leit deenen US-Zaldote geduecht, déi wärend der Ardennenoffensiv hiert Liewe fir d’Fräiheet vu Lëtzebuerg gelooss hunn. Zu a ronderëm Houschent sinn 38 amerikanesch Zaldote gefall.