Tëscht Réid an AasselOp d'mannst ee Blesséierten no Accident tëscht Auto a Camion op der N2

RTL Lëtzebuerg
Op der N2 tëschent Réid an Aassel koum et en Dënschdeg géint 15 Auer zu engem Accident.

E Camion an en Auto sinn en Dënschdeg am Nomëtten op der N2 net laanschtenee komm, méi prezis op der Streck tëscht Réid an Aassel. Wéi et vun der Police op der Plaz heescht, huet den Automobilist fir eng Kontroll mussen an d’Spidol bruecht ginn.

Den Trafic op der Streck hat temporär a béid Richtunge gestaut.

E weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et dann eng Stonn méi spéit an der Rue de l’Usine zu Bieles. Zwee Autoe waren aneneegerannt.

Op der N12 waren d’Rettungsekippe vu Mutfert an der Stad am Asaz, zu Bieles déi vu Suessem-Déifferdeng an Esch.

Back to Top
CIM LOGO