Parlamentaresch FroOrpea-Cipa geschwënn um Site vun der fréierer Molkerei zu Märel?

Roy Grotz
An 23 Länner weltwäit aktiv, wëll den Altersheem- a Spidols-Gestionnaire Orpea och geschwënn hei am Land e Cipa opmaachen.
© AFP/Archives/ALAIN JOCARD

Méi genee zu Märel um Site vun der fréierer Molkerei soll dëst Haus mat 123 Better entstoen. Eng entspriechend Demande läit zanter 2 Méint am Familljeministère. D’lescht Woch gouf e Complément nogereecht. Orpea war no Revelatioune vum Journalist Victor Castanet a sengem Buch “Les Fossoyeurs” rezent an der franséischer Press, wou vun presuméierter Maltraitance vun de Pensionnairen, gewerkschaftlechen Diskriminatiounen an Ënnerschloe vu Sue rieds goung. A Frankräich sinn dann och juristesch Enquêtë géint Direktiounsmembere vun Orpea amgaangen.
Orpea streit all Accusatiounen of.

© AFP/Bertrand GUAY

Hei am Land gëtt d’Demande fir den Agrément fir de neien Orpea-Cipa zu Märel aktuell ënner d’Lupp geholl. Dozou gehéiert och d’Honorabilitéit vun den Direktiounsmemberen op Basis vun Extraiten aus dem Casier.

Dës Prezisiounen iwwert dat neit geplangt Altersheem vum vill-debattéierte Grupp Orpea liwwert d’Ministesch Corinne Cahen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.

Orpea hat zejoert e Chiffre d’Affaires vun 4,2 Milliarden Euro.

PDF: Äntwert vum Corinne Cahen op parl. Fro vum Marc Spautz

Back to Top
CIM LOGO