ABBLPann bei Luxtrust: Bankenassociatioun kuckt op d’Repercussiounen

Diana Hoffmann
Eng ganz Partie Zerwisser hunn net funktionéiert. Bei verschiddenen goufen et awer och aner Méiglechkeeten.
© Domingos Oliveira

Eng technesch Pann bei LuxTrust huet dës Woch ënner anerem Zerwisser an de Banken an an de Gemenge gestéiert. D’Bankenassociatioun ABBL huet direkt am Ufank vum Interview wollten eppes kloer stellen: “Et war wierklech eng technesch Pann. Et gouf keng Fuite vun den Donnéeën an et war keng Cyberarttack”, sou d’Ananda Kautz.

Besonnesch Entreprisen, déi hir Bankgeschäfter mat der LuxTrust-Authentifizéierung maachen, wieren da vun der Pann concernéiert gewiescht. Bannent 24 Stonne konnte si keng Viremente méi maachen.

Privatleit, déi LuxTrust als Identifizéierung notzen, fir iwwer Handy an hiren Online-Banking ze goen, hate keen Zougrëff méi op hir Bankkonten. Hei hätten et awer nach aner Moyene ginn, sot d’Ananda Kautz vun der ABBL. Zum Beispill iwwer Gesiichtserkennung oder de Fangerofdrock. Wann een dann e Virement un e Beneficiaire wollt maachen, un deen ee scho mol eng Iwwerweisung gemaach huet, wier den Transfert och ouni LuxTrust méiglech gewiescht. Wann et sech awer ëm en neie Beneficiaire gehandelt huet, wier dat net gaangen.

Wien dann online wollt Akafen, konnt dat wärend der Dauer vun der Pann net. Och do wier nämlech eng Authentifikatioun néideg. “Dat war schonn eng grouss Aschränkung, a gouf kloer als seriöen Incident fir d’Banken-Aktivitéiten agestuuft”, erkläert d’Ananda Kautz. Zu all Ament hätt een awer kënne fir e Virement an eng Bankfilial goen, wat awer mat Käschte verbonnen ass.

D’Monopolstellung vu Luxtrust stellt d’ABBL awer trotzdeem net a Fro

Et wier ee frou, eng robust, geséchert Léisung ze hunn, déi esouwuel fir administrativ, wéi och fir d’Bank-Aspekter funktionéiere géing. An eng zweet Solutioun z’investéieren, fir e Marché vun der Gréisst vu Lëtzebuerg mécht an den Ae vun der ABBL wéineg Sënn. Ma och d’Cliente mat enger zweeter Optioun fir d’Authentifikatioun z’equipéieren, géing wéineg realistesch schéngen.

D’Pann hat dann och Repercussiounen op d’Aarbecht an de Gemengen, erkläert de President vum Syvicol, den Emile Eicher. De Compta-Service hätte funktionéiert, vill anerer Servicer awer net. “Mir konnte keng Zertifikaten ausstellen, och net wat de Populatiounsregister ubelaangt. Mee och an de Recetten hate mer grouss Problemer. Dat do kann een op Zäit net verdeedegen”, ënnersträicht den Emile Eicher. Nieft LuxTrust géingen et och nach aner Provider ginn, mee da wier et um Staat, déi ze koordinéieren.

Back to Top
CIM LOGO