Déi politesch Aktualitéit am Land hat et dës Woch a sech. De Georges Mischo ass net méi Minister, mä et kann ee weider drun zweiwelen, ob dem Premier domadder den néidege Befreiungsschlag gelongen ass. Ëmmerhin ass mam Luc Frieden eng éischte Kéier iwwerhaapt e Premier an der Wielergonscht aus der Topp 10 vum Politmonitor erausgefall. De Staatsminister hält weider drop, datt Schwaarz-Blo geliwwert huet a am Koalitiounsaccord derfir suergt, datt “Lëtzebuerg fir d’Zukunft gestäerkt gëtt”.
Mä ass dat wierklech sou? Wou sti mer an de groussen Dossieren no zwee Joer CSV-DP-Regierung. Dat hu mer dëse Samschdeg an der Emissioun Background mat véier Deputéierten diskutéiert. Der Stéphanie Weydert vun der CSV, dem DP-Fraktiounschef Gilles Baum, der LSAP-Coparteipresidentin Francine Closener an dem ADR-Deputéierte Fred Keup.
En Samschdeg waren d’Stéphanie Weydert, de Gilles Baum, d’Francine Closener an de Fred Keup eis Invitéeën.
“Et war de Moment, d’Kaarten nei ze mëschen”, sot d’Stéphanie Weydert, CSV-Députée maire iwwert d’Changementer an der Regierung dës Woch. D’Demissioun vum Georges Mischo war do ee vun de Sujeten.
D’LSAP Co-Parteipresidentin Francine Closener huet betount, datt den Dossier vum Sportsmusée d’Kiischt um Kuch gewiescht wier an de Minister Mischo op enger ganzer Partie aner Dossiere scho Gaffë gemaach hätt an een en Täter net als Affer dierft duerstellen. Den adr-Fraktiounschef Fred Keup huet d’Aussoe vum Luc Frieden zum Dossier eng Show genannt, dat wat de Premier sot géif keen em ofkafen.
Fir den DP-Fraktiounschef Gilles Baum dierft een an deem ganzen Dossier net vergiessen, datt hannert dem Politiker Mischo och e Mënsch géif stoen – an dat géif heiansdo vergiess ginn. D’Stéphanie Weydert huet an der Emissioun confirméiert, datt de Georges Mischo vu Januar un als Deputéierten zréck an d’Chamber wäert goen.
Wat den Dossier Sportsmusée betrëfft huet d’Francine Closener betount, datt deen Dossier nach net zou ass a präziséiert, datt d’Kontrollkommissioun vun den ëffentleche Finanzen an der Chamber, d’Comexbu, e Froekatalog zesumme gestallt huet, deen un d’Regierung adresséiert ass. Et géife sech nämlech nach vill Froe stellen an et misst een eraus fannen, wéi et dozou komme konnt fir ze evitéieren, datt esou eppes nach emol an der Zukunft geschitt.
De Sozialdialog hätt an de leschten zwee Joer net gutt funktionéiert hunn all d’Invitéen zouginn. An den Ae vum Francine Closener wier de Georges Mischo awer och à l’origine vun deem futtisse Sozialdialog an och vun enger sou schlechter Relatioun mat de Gewerkschaften, wéi et se nach net ginn hätt. De Fred Keup vun der adr zweifelt och drun, datt elo mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz sech wierklech eppes wäert dorun änneren.
Déi aner Parteien am Studio hunn dat allerdéngs anescht gesinn. De Gilles Baum vun der DP mengt, datt den neien CSV Aarbechtsminister net just en aneren Drot zu de Gewerkschaften huet, mee och méi Fangerspëtzegefill fir de Sozialdialog ze relancéieren. Hien ass zouversiichtlech, datt een de Comité permanent du travail et de l’emploi, den CPTE, erëm un d’Lafe kritt an d’Gewerkschaften erëm un den Dësch.
D’CSV hätt fréier fir Stabilitéit an Zouverlässegkeet gestanen, sot d’LSAP Co-Parteipresidentin. Haut, an onsécheren Zäiten, géif d’Partei allerdéngs just de Contraire, nämlech Chaos, provozéieren. Wichteg Dossiere wieren net ugepaakt gi well d’Partei sech mat hiren eegene Problemer a Krise beschäftege misst.
De Fred Keup vun der adr géif sech froen, wien iwwerhaapt an der CSV de Lead hätt an ob de Luc Frieden vun uewen erof decidéiert, oder et awer vill Streidereien an Diskussioune ginn an ob déi mam Marc Spautz an der Regierung net vläicht nach zouhuelen. A sengen Ae wier soss d’Stäerkt vun der CSV gewiescht, datt se duerchorganiséiert war an dat wat gesot gouf och ëmgesat gouf – an dat wier verluer gaangen.
Dat huet d’Stéphanie Weydert vun der CSV net esou wollte stoe loossen a betount, et wier eng Partei a Fraktioun déi lieweg wieren, wou diskutéiert géif gi, mee een dono och hannert där Linn géif stoen, déi ee sech ginn hätt.
Den nationalen Aarmutsplang, deen e Méindeg vum DP-Familljeminister Max Hahn presentéiert gouf, ass allgemeng begréisst ginn. Allerdéngs huet d’Francine Closener bedauert, datt déi annoncéiert Mesuren eréischt an engem Joer solle kommen an ënnerstrach, datt d’Sozialiste léiwer gehat hätten, de Mindestloun wier erop gesat ginn an de Logement méi an Ugrëff geholl ginn.
Dem Fred Keup no géif de Fait, datt de Staat sozial Hëllefen erhéije muss oder erschafe weisen, datt eppes net esou funktionéiert wéi et soll. D’Wunnengsproblematik wier d’Wuerzel vu ville Problemer.
Dozou sot de Gilles Baum vun der DP, datt d’Regierung vill Suen an de Grapp geholl hätt an och nach géif huelen an huet ënnert anerem d’VEFA-Projeten oder d’Suen, déi an de Fonds du logement oder d’SNHBM gestach ginn, ernimmt. Et misst een awer och realistesch bleiwen an et wier kloer, datt een de Problem net bannent zwee Joer an de Grëff kéint kréien. Dobäi kéim jo och nach d’Baukris, duerch déi et einfach u Leit géif feelen, déi d’Wunnengen iwwerhaapt bauen.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken.