
Op den 1. Januar 2026 ginn d’Pensiounen nämlech ëm 1,5 Prozent an d’Luucht. Dat deelt de Ministère fir Gesondheet a Soziales en Dënschdeg mat.
All Joer iwwerpréift d’Regierung, ob d’Pensioune mussen ugepasst ginn. Dofir gëtt sech un der Entwécklung vum duerchschnëttlechen Niveau vun de Salaires cotisabeles orientéiert, déi vun der Generalinspektioun vun der Securité sociale (IGSS) analyséiert ginn. Fir 2024 gouf deemno e Revalorisatiounsfacteur vun 1,619 berechent, wouduerch d’Pensiounen ëm 1,5 Prozent op den 1.1.2026 an d’Luucht ginn.
Ugepasst ginn d’Pensiounen dem Artikel 225 vum Code de la sécurité sociale no. Dëse soll sécherstellen, datt d’Héicht vun de Pensioun um selwechten Niveau wéi déi allgemeng Entwécklung vun de Paien an dem ekonomesche Wuesstem leien. Wann d’Salairen am Land also an d’Luucht ginn, ginn och d’Pensiounen ugepasst.