Parquet deelt matPerquisitioune bei engem Zänndokter am Süde vum Land

RTL Lëtzebuerg
Den Zänndokter steet am Verdacht, fiktiv Leeschtungen ausgestallt a verrechent ze hunn.
© RTL-Grafik

Perquisitioun en Donneschdeg bei engem Zänndokter am Süde vum Land. Wéi de Parquet um Freideg de Mëtteg via Communiqué matdeelt, gouf eng Enquête géint en Zänndokter, deen am Süde praktizéiert, wéinst presuméierte Fäll vu Fälschung an Notzung vu gefälschten Dokumenter a Bedruch. Den Zänndokter steet am Verdacht, fiktiv Leeschtungen ausgestallt a verrechent ze hunn. Eng ganz Partie Dokumenter an Date goufe bei der Perquisitioun saiséiert.

De Parquet erënnert drun, datt bis op weideres d’Presemption d’innocence gëllt.

Pressecommuniqué vun der Justiz
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec la perquisition chez un médecin-dentiste (05.12.2025)

Back to Top
CIM LOGO