Schonn um MëttwochPersoun festgeholl wéinst LuxTrust-Bedruchsmasch a Schued vun 32.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
De Mëttwoch gouf der Police nees eng LuxTrust-Bedruchsmasch gemellt, bei där déi Kéier allem Uschäin no e Schued vu ronn 32.000 € entstanen ass.
© RTL

Am Kader vun den Ermëttlunge konnt ee Verdächtegen identifizéiert a festgeholl ginn. Hien hat e Freideg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

An de leschten Deeg goufe méi där Fäll gemellt: Affer gi vu vermeintleche Bank- oder LuxTrust-Mataarbechter kontaktéiert an iwwer SMS-Linken op gefälschte Internet-Säite gelackelt, wou si hir Donnéeë aginn. D’Täter kréien esou Zougang zu Konten a maachen héich Iwwerweisungen.

D’Police warnt, datt Banken ni no Kaarten, Zougangsdonnéeën oder perséinlechen Informatioune géing froen. Bei Zweifel soll ee sech net ënner Drock setze loossen an d’Bank iwwer offiziell Weeër kontaktéieren. All Probleem oder Schued soll een direkt bei der Police mellen.

Back to Top
CIM LOGO